Aasselburer Millen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Aasselburer Millen (2006)
D'Mille vun der Bréck aus gesinn
Vue an den Haff
Vu Süde gesinn

D'Aasselburer Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen am Dall vun der Trëtterbaach zu Aasselbur an der Gemeng Wëntger. Déi restauréiert Gebaier, déi a Privatbesëtz sinn, ginn ënner dem Numm Domaine du moulin d'Asselborn als Hotel, Restaurant, Café, Galerie a Musée benotzt.

Am Haff vun der Mille steet eng Skulptur vum Michel Pintz, dem Schéifermisch vun Aasselbur. Si ass e Wierk vom lëtzebuergesche Sculpteur a Moler Michel Heintz jr. An engem Eck am Haff ass e klengen Ënnerdaach amenagéiert als Erënnerungsplaz un d'Affer vun der Ardennenoffensiv.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1036 koum d'Abtei Sankt Maximin vun Tréier duerch en Tauschvertrag mat der Abtei Stavelot-Malmédy an de Besëtz vun der Millen zu Aasselbur.

D'Mille blouf am Besëtz vun der Tréierer Abtei bis se no 1794, nodeem déi franséisch Revolutiounstruppen de Lëtzebuerger Raum besat haten, versteet gouf an a Privatbesëtz koum.

1824 war d'Millen am Besëtz vum Johann Kehr an dem Philipp Koener senger Witfra. Et war do eng Kären an Uelegmille mat dräi Millerieder déi vun uewe gefiddert goufen. Vun 1932 u gouf d'Produktioun wéinst där schwaacher Produktivitéit fir d'Allgemengheet agestallt an eréischt während dem Zweete Weltkrich nees opgeholl.

D'Mille war bis zum Enn vum Zweete Weltkrich a Betrib, wou se definitiv agestallt gouf. Vun 1971 un huet d'Proprietärin eleng an der Mille gelieft. 1981 gouf d'Mille vun der Gesellschaft Center Alstad, déi dem Léon Nilles a senger Famill gehéiert, opkaaft. Déi deemools delabréiert Gebaier goufe renovéiert fir en Hotel, e Restaurant, e Café, eng Konschtgalerie an e Millemusée opzehuelen.

Am Joer 2000 gouf de Millemusée a Presenz vun der deemoleger Ministesch fir Kultur, Erna Hennicot-Schoepges, offiziell opgemaach.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • (NLW), 2000. Es klappert die Mühle am "Tretterbaach". Wasser-Mühlen-Museum in Asselborn offiziell eröffnet. Luxemburger Wort vum 16. Dezember 2000.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 11. Die Asselborner Mühle. S. 106-113, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
  • Le Livre sur l'évolution de l'écriture et des outils - Lucie Krier
  • Le Relais Postal d'Asselborn - Lucie Krier, Léon Nilles

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aasselburer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien