Abako

Vu Wikipedia

Abako ass eng historesch Motos-Mark.

Vun 1923 bis 1925 huet d'Apparatebau A.G., Kracker & Co. vun Nürnberg liicht Motoe gebaut, mat engem selwerentwéckelten 129 cm3 Zweetakt-Motor, enger Sturmey-Archer-Boîte. Als Transmissioun haten déi Motoen eng Ketten op dat hënnescht Rad.

D'Produktiounszuele sinn net bekannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]