Op den Inhalt sprangen

Abchasien

Vu Wikipedia
Republik Abchasien
abchasesch Аԥсны Aṗsny
georgesch აფხაზეთი Apchaseti
russesch Абхазия Abchasija

Fändel vun Abchasien

Wope vun Abchasien

Detailer

Detailer
National Devise: Аиааира
Offiziell Sprooch: Abchasesch, Russesch
Haaptstad: Suchumi
Staatsform: Presidentielle System
  President: Badra Gunba
  Premierminister: Alexander Ankwab
Fläch: 8.665 km²
Bevëlkerung: 244.000
Wärung: Russesche Rubel, Abchaseschen Apsar
Zäitzon: UTC +3

Abchasien (abchasesch: Аԥсны Aṗsny, georgesch: აფხაზეთი Apchaseti, russesch: Абхазия Abchasija) ass eng Regioun am Süde vum Kaukasus, déi un d'Schwaarzt Mier grenzt. Abchasie gehéiert vëlkerrechtlech zu Georgien, betruecht sech selwer awer zënter 1994 als onofhängeg "Republik Abchasien". D'Gebitt vun Abchasien ass 8.600 km² grouss an huet – de Schätzungen no – 244.000 Awunner(Stand 2025)[1].

Zënter 2008 gouf d'Onofhängegkeet vun Abchasien nëmme vu follgende Staaten unerkannt: Russland, Nicaragua, Venezuela, Nauru a Syrien. Bal all aner Länner op der Welt betruechten Abchasien als georgeschen Territoire an erkennen d'Exilregierung vun der Autonomer Republik Abchasien, déi an der georgescher Haaptstad Tiflis baséiert ass, als legitim un, och wa se de facto keen Afloss an der Regioun huet.

Abchasie bilt zesumme mat de Regiounen Transnistrien a Südossetien, déi all zur fréierer Sowjetunioun gehéiert hunn, d'Gemeinschaft vun netunerkannte Staaten.

Wärend der Sowjetzäit war Abchasie mat sengem mëlle Klima, sengen Thermalbieder a Plagen, eng vun de populäersten Touristendestinatiounen bannent der Sowjetunioun.

Déi de facto onofhängeg Republik Abchasien ass a 7 Rajonen (Distrikter) opgedeelt; do dernieft gëtt et nach déi rajonfräi Haaptstad Suchumi.

Abchasesch a Russesch sinn déi offiziell Sproochen; Georgesch gëtt net als offiziell Sprooch unerkannt.

 Commons: Abchasien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Digital 2025: Abkhazia. DataReportal – Global Digital Insights (03.03.2025). Gekuckt den 30.06.2025.