Abd ar-Rahman as-Sufi
Abd ar-Rahman as-Sufi | |
---|---|
Gebuer | 7. Dezember 903 jul. |
Gestuerwen | 25. Mee 986 jul. |
Aktivitéit | Astronom, Iwwersetzer, Mathematiker, Astrolog, Dichter |
Den Abd ar-Rahman as-Sufi, gebuer de 7. Dezember 903, a gestuerwen de 25. Mee 986, och ënner den Nimm Abd al-Rahman al-Sufi, oder Abd al-Rahman Abu al-Husain an an der westlecher Welt als Azophi bekannt, war e perseschen Astronom.
Liewen a Verdéngschter
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet zu Isfahan um Haff vum Emir Adud ad-Daula gelieft an hat sech mat Wierker vu griicheschen Astronome befaasst, besonnesch déi vum Claudius Ptolemäus, deem säi „Grousst astronomescht System“ ëm 800 an d'Arabescht iwwersat gouf („Almagest“).
Den as-Sufi hat en ettlech Korrekturen an der ptolemäescher Stärelëscht gemaach, déi besonnesch unhand vun eegenen Observatiounen iwwer d'Hellegkeet gemaach goufen. Hien hat och versicht, déi griichesch an traditionell arabesch Stären- a Stärebildnimm a Bezéiung ze setzen. Hien hat och ënner anerem d'Berechnung vum Sonnejoer verbessert an hat sech mam dem villsäitege Benotze vum Astrolabium beschäftegt.
Hien hat och observéiert, datt de Plang vun der Ekliptik am Verhältnes zum Himmelsequator gebéit ass an hat eng genee Berechnung vum tropesche Joer gemaach.
De Moundkrater Azophi (Duerchmiesser 47 km) an den Asteroid (12621) Alsufi droe säin Numm.
Haaptwierk
[änneren | Quelltext änneren]Den as-Sufi hat säin Haaptwierk, d'Buch vun de Fixstären ëm d'Joer 964 op Arabesch, der Bildungssprooch vum Islam verëffentlecht. D'Buch stellt eng Bréck zum Almagest vum Ptolemäus duer. Et enthält Illustratioune vu Stärekonstellatioune souwéi Beschreiwunge vu Stären, mat hirer Positioun, Hellegkeet a Faarf. D'Wierk gouf no Stärebiller zesummegefaasst.
Doran ernimmt hien ë. a. souwuel déi grouss Magellanesch Wollek, déi hien al-Bakr (de wäissen Ochs) genannt huet, wéi och den Andromedaniwwel, laang ier déi éischtgenannt vum Ferdinand Magellan als éischten Europäer gesi gouf, an dee leschtgenannten nach virun der Erfindung vum Teleskop am Joer 1612 vum Simon Marius zeréckentdeckt gouf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wierkausgaben
- Kitab suwar al-kawakib al-thamaniya wa-'l-arba'in, Daar al-Afaq al jadida, Beirut 1981.
- Description des étoiles fixes: Suwar al-kawakib. Traduction de Hans Carl Frederik Christian Schjellerup. Edité par Fuat Sezgin, Eggers, St.-Pétersbourg 1874; Nodrock IGAIW, Frankfurt 1986. (Digitalisat UB Halle)
- Sekundärliteratur
- Heinrich Suter: Die Mathematiker und Astronomen der Arabischen Literatur und ihre Werke, 1900, Nodrock Amsterdam 1982. (Digitalisat Bibalex; Michigan)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Konstellatioun Taurus
-
Konstellatioun Cancer
-
Konstellatioun Lepus
-
Konstellatioun Gemini
-
Konstellatioun Andromeda
-
Konstellatioun Ophiuvhus
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Abd Al-Rahman Al Sufi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Kuerzbiographie vum Al Sufi op SEDS.org
- Digitalisat des Kitab Suwar al-Kawakib al-Thabita, Ms. 266 des Aga Khan Museums, 17. Jh.
- Buch vun de Fixstäre bei www.atlascoelestis.com
- Liber locis stellarum fixarum, 964, manoscritto del 1417 riprodotto il 1730 bei www.atlascoelestis.com
- Al-Sūfī's Book of the Constellations of the Fixed Stars and its Influence on Islamic and Western Celestial Cartography
Abd ar-Rahman as-Sufi | |
---|---|
Gebuer | 7. Dezember 903 jul. |
Gestuerwen | 25. Mee 986 jul. |
Aktivitéit | Astronom, Iwwersetzer, Mathematiker, Astrolog, Dichter |