Abdur Rahman Biswas

Vu Wikipedia
Abdur Rahman Biswas
Gebuer 1. September 1926
Gestuerwen 3. November 2017
Dhaka
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit Brittesch-Indien, Pakistan, Bangladesch
Aktivitéit Politiker, Affekot

Den Abdur Rahman Biswas, gebuer den 1. September 1926 zu Shaistabad, dunn a Brittesch-Indien, a gestuerwen den 3. November 2017 zu Dhaka, war e Politiker aus dem Bangladesch, Member vun der Bangladesh Nationalist Party.Vun 1991 bis 1996 war hie Staatspresident vum Bangladesch.

De Biswas huet op der University of Dhaka Geschicht an Droit studéiert. HIe gouf dono Direkter vun enger Genossenschaftsbank an huet verschiddene Schoulen an d'Weeër geleet.

Zanter 1962 war hie politsch aktiv, als Deputéierte fir d'éischt am ostpakistanesche Regionalparlament, méi spéit am nationale Parlament vu Bangladesch (Jatiyo Sangshad). HIe war och e puermol Minister a gouf Parlamentspresident. Den 8. Oktober 1991 huet hien d'Walen zum Staatspresident gewonnen.