Abtei vu Bobbio

Vu Wikipedia
D'Basilika San Colombano

D'Abtei vu Bobbio gouf 612 vum iresche Mënch Columban vu Luxeuil (Colombano) gegrënnt. Hien ass och do den 12. November 615 gestuerwen. D'Klouschter San Colombano gouf vun de langobardesche Prënzen ënnerstëtzt a war am Kampf géint den Arianismus e wichtegt Zentrum. Vu 643 un, gouf fir eng kuerz Zäit d'Benediktinerreegel agefouert.

D'Abtei hat mat dem Monte Cassino dat bedeitendst Skriptorium, duerch deem seng Aarbecht vill Texter aus der Antiquitéit iwwerliwwert goufen.

Am Mëttelalter war San Colombano eng bedeitend Léierplaz déi bekannt war fir hir Bibliothéik. Wéi am 15. Joerhonnert d'Abtei net méi sou dichteg war, si vill vun deene Bicher doruechter verstreet ginn. D'Klouschter gouf 1803 vun de Fransousen zesumme mat der Bibliothéik opgeléist. D'Abteikirch vun haut d'Basilika San Colombano staamt aus dem 15. bis 17. Joerhonnert.

Abbéen zu Bobbio[änneren | Quelltext änneren]

D'Abtei vu Bobbio war deelweis Virbild fir dat grousst Klouschter am Umberto Eco sengem Roman Il nome della rosa.