Achaea

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der réimescher Provënz Achaea. Fir déi haiteg griichesch Prefecture, kuckt wgl. Achaia
D'Provënz Achaea

Achaea (gr. Achaia) war eng Provënz vum Réimesche Räich. Si huet d'Hallefinsel Peloponnes a Griicheland ëmfaasst. Am Norde louch Achaea op der Grenz mat de Provënzen Epirus a Macedonia. Dës Regioun gouf 146 v. Chr. duerch d'Réimer eruewert an huet als éischt zu der Provënz Macedonia gezielt. Zanter 27 v. Chr. war Achaea eng senatoresch Provënz mat der Haaptstad Korinth.

An Achaea goufe Koffer, Bläi an Eisen ofgebaut, mä laang net souvill wéi an anere Provënze wéi zum Beispill Noricum, Britannia oder d'hispanesch Provënzen. Griichesche Marmer war zimmlech beléift. Vill Geléiert an Doktere vu Roum koumen och aus Griicheland. An Achaea goufen och Luxusobjete wéi Miwwel, Kosmetika a Lénge produzéiert. Griichesch Oliven a griicheschen Olivenueleg goufen an all Provënze vum Räich exportéiert.

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.