Acosta (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Acosta
Koordinaten 5°39'0"S, 60°8'24"O
Duerchmiesser 13,1 km
Déift 2.900 m
Genannt no Cristóvão da Costa
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ21

Den Acosta ass e klenge Moundkrater am ëstlechen Ausleefer vum Mare Fecunditatis, nërdlech vum opfällege Krater Langrenus. Westlech dovun ass eng Dräiergrupp vu Krateren, déi vun de Kratere Atwood, Bilharz an dem Naonobu gebilt gëtt. Op kuerzer Distanz läit am Norden de Krater Webb.

Den Acosta ass kreesronn a schosselfërmeg. Hien huet e klenge Kraterbuedem am Mëttelpunkt vun de bannenzege Ramplien.

De Krater gouf als Langrenus C bezeechent, ier hien 1976 vun der IAU säin haitegen Numm krut.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]