Acromantula

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Acromantula
Liewensraum: Verbuedene Bësch
Ausgesinn: Schwaarz, monsteraarteg Spann
mat aacht Aen
Klassikikatioun: XXXXX
Kënnt vir an: Deel 2
Deel 6
Deel 7
Fantastesch Déieren a wou
se ze fanne sinn

D'Acromantula ass e Fabeldéier an den Harry-Potter-Romaner vun der brittescher Schrëftstellerin Joanne K. Rowling.

Beschreiwung a Verhalen[änneren | Quelltext änneren]

D'Acromantula ass eng riseg Spann mat aacht Aen, där dicht, schwaarz Hoer um ganze Kieper wuessen. Si huet bis zu dräi Meter laang Bee mat um Enn geféierleche Schéieren. Domat ka se, bei Roserei an Opreegung, e gelungent Klicke vu sech ginn dat se an hir Sprooch abaut. Et si Fleeschfrësser déi eng Virléift fir grouss Affer hunn. D'Acromantula gehéiert zu deene wéinege Fabeldéieren déi der mënschlecher Sprooch mächteg sinn. D'Weibercher si méi grouss wéi d'Männercher.

Acromantulae sinn Déieren déi a grousse Kolonien am Bësch liewen, mat ee bis zwee alen Déieren, déi als Leetdéiere fungéieren. Se bauen hir Spawecker a Kuppelform um Buedem. An enger Grupp sinn all d'Spannen d'Kanner vun de Leetdéieren. D'Weibche ka bis zu honnert, wäiss, mëll Eeër op eng Kéier leeën. Déi jonk Spanne ginn no ongeféier sechs bis aacht Wochen aus, duerno hëllefe se Iessen erbäizeschafen.

An der Klassifikatioun vun de Fabeldéiere gëtt se als XXXXX (Bekannt Wiesen déi Zauberer ëmbréngen, onméiglech ofzeriichten oder zam ze kréien) aklasséiert.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

D'Acromantula kënnt aus dem Reebësch vun de groussen a klengen indonesischen Inselen, wéi Borneo, Sulawesi, Sumatra a Java. Duerch de Schwaarzmaart an deene Regioune koume s'am 18. Joerhonnert op d'asiatescht Festland an d'Nordküst vun Australien. Se iwwerliewe sou gutt an der Hëtzt wéi an der Keelt.

Et gëtt souguer Geschichten iwwer eng Kolonie an de schottesche Bëscher, mä dat konnt nach net nogewise ginn.

Déi gigantesch Spann privilegiéiert Bëscher an deenen et och vereenzelt, oppe Plaze gëtt fir hir Affer ze fänken.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Acromantula ass warscheinlech vun engem Zauberer op der Insel Borneo geziicht ginn. Dohier kënnt et och, datt se d'mënschlech Sprooch beherrschen. Nëmme wéineg Fabeldéiere kënnen déi vu sech aus eleng léieren. Eng Ausnam ass de Kappa, deen dem Mënsch bal alles nomécht. Wéi scho gesot gouf d'Acromantula, duerch de Schwaarzmaart vill doruechter verdeelt, an iwwerall gouf versicht d'Populatioun kleng ze halen.

Zanter e puer Joerhonnerten ass de Ver- an Akaf vun hiren Eeër verbueden.

An de Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Eng Acromatula kënnt fir d'éischt am zweete Band vir. Ënner dem Numm Aragog ass et eng männlech Spann an dem Rubeus Hagrid säin Hausdéier. Dës gouf fir e Muerd un enger Hogwatsschülerin beschëllegt. Duech d'Agräife vun dem Albus Dumbledore ass den Hagrid enger eeschter Strof entgaangen. Fofzeg Joer duerno gouf et sechs Attacke fir déi erëm den Aragog verantwortlech sollt sinn. Dës Kéier koum den Hagrid op Askaban an nëmmen duerch de Virwëtz vum Harry Potter a senge Frënn konnt de wierkleche Schëllegen, e Basilisk (→Fabeldéieren an den Harry-Potter-Romaner), entdeckt a besiigt ginn.