Actarus

Vu Wikipedia
Actarus
Museksgenre Post-Rock, Math Rock, Progressive Rock[1][2]
Land Lëtzebuerg
Grënnung Mäerz 2002
Trennung Mäerz 2004
Memberen Paul Bradshaw (Gittar, Bassgittar)
Nicolas Przeor (Gittar, Bassgittar)
Fred Museur (Synthesizer, Perkussioun)
Max Nilles (Perkussioun, Batterie)
Claudio Pianini (Gittar)

Actarus war eng lëtzebuergesch instrumental Rockband vun Esch-Uelzecht, déi tëscht 2002 an 2004 existéiert huet.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Actarus huet am Dezember 2002 hir éischt selwer produzéiert Plack Hypothermia verëffentlecht a Concerten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun gespillt.[3] Hire Genre huet sech duerno vu Post-Rock zu enger méi séierer Mëschung aus Post-Rock a Math Rock entwéckelt. Aus perséinlechen a musikalesche Grënn hunn d'Memberen am Mäerz 2004 decidéiert, sech ze trennen. Si hunn nach véier Titele fir eng Split-EP mat der Grupp Eyston opgeholl, déi 2005 verëffentlecht ginn ass.

Éier si sech getrennt hunn, hate si och nach e Mini-Album opgeholl, deen 2005 um kanadesche Plackelabel New Romance for Kids Records an Europa an Nordamerika verëffentlecht gouf.[3]

Déi verschidde Membere waren oder sinn och an anere bekannte Lëtzebuerger Gruppen aktiv: Artaban (Max Nilles), La Fa Connected (Paul Bradshaw), Miaow Miaow (Nicolas Przeor, Max Nilles), Mount Stealth (Paul Bradshaw, Max Nilles, Claudio Pianini), Mutiny on the Bounty (Nicolas Przeor, Claudio Pianini), Treasure Chest at the End of the Rainbow (Paul Bradshaw, Max Nilles, Claudio Pianini).

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Hypothermia
  • 2005: Split-EP mat Eyston (ouni Numm)
  • 2005: Actarus

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. disagreement.net: Liberation Day Festival (2003)
  2. Actarus op progarchives.com
  3. 3,0 3,1 Presentatioun vun Actarus op artisttrove.com (gekuckt den 8. September 2016)