Acubens (Stär)
Ausgesinn
Den Acubens (och Akubens geschriwwen) ass den Eegennumm vum Stär α (alpha) Cancri am Stärebild Cancer (Kriibs).
Den Acubens gehéiert der Spektralklass A3 un an huet eng visuell Magnitude vu +4,3m. Hien ass 180 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.
Den Acubens kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz seelen!) vu Planéite bedeckt ginn.
D'Koordinaten fir d'Equinoxe J2000.0:
- Rektaszensioun: 8h58m29s
- Deklinatioun: +11°51'26"