Adeline Pellegrino
Ausgesinn
| Adeline Pellegrino | |
|---|---|
| Gebuer |
14. Oktober 1925 Esch-Uelzecht |
| Gestuerwen |
28. Januar 2011 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Léierin |
| Auszeechnungen | Ordre de la couronne de chêne |
|
| |
D'Adeline Pellegrino, gebuer den 14. Oktober 1925 zu Esch-Uelzecht, an och do den 28. Januar 2011 gestuerwen, war eng lëtzebuergesch Léierin.[1]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]D'Adeline Pellegrino ass zu Esch als jéngst Kand an enger Aarbechterfamill an der Hiel opgewuess.[2] 1949 gouf si zu Esch als Léierin engagéiert an huet an de Schoule vun de Quartiere Grenz, Brill a Bruch enseignéiert.
Vun 1960 un huet si zu Münster, Westfalen an op der Sorbonne eng Ausbildung gemaach fir kënne Schoulinspektesch ze ginn. Dës Aktivitéit huet si, ëmmer nach zu Esch, vun 1964 bis 1990 ausgeüübt.
Gielercher an Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne [3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "Revue Rendez-vous: Schulinspektorin Adeline Pellegrino." In: Revue, 45. Jg., nº 19 (10.05.1989), p. 42 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.186.
- ↑ Revue Rendez-vous, um Spaweck.
- ↑ "Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale - Ordre de la Couronne de Chêne". In: Luxemburger Wort, 133. Jg., n° 147 (27.06.1980), p. 6 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- ↑ Place Adeline Pellegrino, L-4272.
