Adolf Hitler

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Adolf Hitler
HitlerAdolf.jpg
Gebuer 20. Abrëll 1889
Braunau am Inn
Gestuerwen 30. Abrëll 1945
Nationalitéit Éisträich-Ungarn, Weimarer Republik, keng, Däitscht Räich 1933–1945
Aktivitéit Staatsmann
Partei NSDAP
Famill
Bestuet mat Eva Braun
Liewenspartner(in) Eva Braun
Mamm Klara Pölzl
Geschwëster Ida Hitler, Edmund Hitler
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Adolf Hitler, gebuer den 20. Abrëll 1889 zu Braunau am Inn an Éisträich, a gestuerwen den 30. Abrëll 1945 zu Berlin am sougenannte Führerbunker duerch Suizid, war zanter 1921 "Führer" vun der NSDAP, zanter 1933 Reichskanzler an zanter 1934 als "Führer a Reichskanzler" gläichzäiteg Staatschef a Regierungschef vum Däitsche Räich.

Den Hitler huet an Däitschland déi nationalsozialistesch Diktatur vum "Drëtte Räich" opgeriicht, huet all Oppositiounsparteie verbidden a seng politesch Géigner verfollege gelooss. Hien huet den Zweete Weltkrich entfesselt an déi systematesch Entrechtung an Ermuerdung vun zirka 6 Milliounen europäesche Judden an anere Bevëlkerungsgruppen am Holocaust bedriwwen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem den Hitler ouni Erfolleg versicht hat op d'Konschtakademie vu Wien opgeholl ze ginn, huet hien do als Konschtmoler gelieft.

Fir dem éisträichesche Militärdéngscht aus de Féiss ze goen, ass en op Münche gezunn.

Den Ausbroch vum Éischte Weltkrich huet den Hitler als Geleeënheet gesi, fir aus senger wéineg erfollegräicher Existenz erauszekommen. Hien huet sech fräiwëlleg bei d'Bayeresch Arméi gemellt a gouf schliisslech souguer fir säin Asaz als Meldegänger un der Westfront, wou hien e puermol verwonnt gouf, dekoréiert. Zum Schluss vum Krich hat hien de Grad vun engem Kaperol.

Nom Éischte Weltkrich huet den Hitler mat senger an der Ëffentlechkeet ausgedréckter Enttäuschung iwwer den Ausgank vum Krich, a mat senge Riede vun der däitscher Revolutioun, grouss Resonanz fonnt. Et louch him, fir an der Ëffentlechkeet ze polemiséieren, an hien huet et verstanen, duerch seng rhetoresch Begabung, Nolauschterer mat senge faschisteschen an antisemiteschen Usiichten unzezéien. Hie gouf vun der Münchener Reichswehr als Riedner agesat.

1920 ass den Adolf Hitler Member vun der klenger Partei NSDAP ginn, wou e séier onentbierlech gouf, fir den Opbau an d'Organisatioun vun der Partei. Hien huet als Propagandariedner géint de Versailler Friddensvertrag, an d'Erfüllungspolitik vun der deemoleger däitscher Regierung gewiedert.

No laanger innepolitescher Diskussioun gouf den Adolf Hitler den 30. Januar 1933 vum President Hindenburg zum däitsche Kanzler ernannt. Allerdéngs huet e mam "Ermächtigungsgesetz" d'Weimarer Republik definitiv ofgeschaaft an Däitschland an eng Diktatur gefouert. Nodeems en et fäerdegbruecht hat, fir mat der Sowjetunioun een Nichtangriffspakt (Ribbentrop-Molotov-Pakt) am August 1939 auszehandelen, huet en den 1. September 1939 den Zweete Weltkrich mat engen Iwwerfall op Polen ugefaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Lukacs, John: Hitler. Geschichte und Geschichtsschreibung. Ullstein, Berlin 1999 ISBN 3-548-26560-X (Roude Fuedem duerch d'Hitler-Literatur)

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Olden, Rudolf: Hitler. Querido, Amsterdam 1935 (Nodrock: Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 1984, mat engem Virwuert vum Werner Berthold). ISBN 3-596-25185-0
  • Heiden, Konrad: Hitler I Das Leben eines Diktators. Zürich 1936
  • Heiden, Konrad: Hitler II Ein Mann gegen Europa. Zürich 1937
  • Bullock, Alan: Hitler. Eine Studie über Tyrannei. Düsseldorf 1953 (däitsche Éischtausgaf); englesch Originalausgaf: Oxford 1951 (ëmfangräicht Quellematerial, Saach- a Persouneverzeechnis)
  • Gisevius, Hans Bernd: Adolf Hitler: Versuch einer Deutung. München 1963
  • Maser, Werner: Adolf Hitler Legende-Mythos-Wirklichkeit. München und Esslingen 1971
  • Fest, Joachim: Hitler. Eine Biografie. Frankfurt am Main, Berlin, Wien 1973
  • Toland, John: Adolf Hitler, Biographie 1889 - 1945. Bergisch Gladbach, Lübbe 1977.
  • Haffner, Sebastian: Anmerkungen zu Hitler. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 1978, ISBN 3-596-23489-1 (kuerz biographesch Etüd, déi dem Ian Kershaw no "mat hire siwe brillianten themateschen Essays eng vun de beandrockensten Etüde vum NS-Diktator" bleift)
  • Hamann, Brigitte: Hitlers Wien. Lehrjahre eines Diktators. Piper, München 1996 (Wien 1907-1913: Die Jahre, die Hitler prägten)
  • Kershaw, Ian: Hitler 1889 - 1936. DVA, Stuttgart 1998 (Aus dem Engleschen)
  • Kershaw, Ian: Hitler 1936 - 1945. DVA, Stuttgart 2000 (Aus dem Engleschen)

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • Fest, Joachim: Staatsstreich. Der lange Weg zum 20. Juli. Siedler, Berlin 1994
  • Goodrick-Clarke, Nicholas: Die okkulten Wurzeln des Nationalsozialismus. 2. Opl. Stocker, Graz und Stuttgart 2004
  • Graf von Krockow, Christian: Hitler und seine Deutschen. List, München 2001
  • Gellately, Robert: Backing Hitler. Oxford und New York 2001 ISBN 0-19-820560-0
  • Schultze-Rhonhof, Gerd: 1939 - Der Krieg, der viele Väter hatte. 2. Opl. Olzog, München 2003 ISBN 3-7892-8117-4
  • Amery, Carl: Hitler als Vorläufer. Auschwitz - der Beginn des 21. Jahrhunderts?. Luchterhand, München 1998
  • Richardi, Hans-Günter: Hitler und seine Hintermänner - Neue Fakten zur Frühgeschichte der NSDAP. Süddeutscher Verlag, München 1991 ISBN 3-7991-6508-8
  • Fabry, Philipp W.: Mutmaßungen über Hitler. Urteile von Zeitgenossen. Düsseldorf 1969
  • Turner, Henry A.: Hitlers Weg zur Macht. Der Januar 1933. Berlin 1999
  • Carmin, E. R.: Das schwarze Reich. Geheimgesellschaften und Politik im 20. Jahrhundert. Heyne, München 1997
  • Machtan, Lothar: Hitlers Geheimnis. Das Doppelleben eines Diktators. Alexander Fest Verlag, Berlin 2001 ISBN 3-8286-0145-6 (en ëmstriddent Buch, dat d'Thes vum Hitler senger Homosexualitéit vertrëtt)
  • Pausewang, Gudrun: Adi: Jugend eines Diktators, Ravensburger, Ravensburg 1997 (E Roman (!), dee geduecht ass, fir jonke Leit dem Hitler seng Jugendzäit méi no ze bréngen)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adolf Hitler – Biller, Videoen oder Audiodateien
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.