Adygeja

Vu Wikipedia
Republik Adygeja
Республика Адыгея
Federatiounskrees: Südrussland
Haaptstad: Maikop
Fläch: 7.600 km²
Awunner: 439.996 (14. Okt. 2010)
Bevëlkerungsdicht: 58 Aw./km²
Offiziell Sproochen: Russesch, Adygeesch
Grënnung: 3. Juli 1991
Zäitzon: UTC+3
President: Aslantscheri Tchakuschinow

D'Republik Adygeja oder Adygien, am Nordkaukasus, ass eng kleng autonom Republik am südlechen Deel vum europäesche Russland, déi den 31. Mäerz 1992 e Federatiounsvertrag mat Russland ënnerschriwwen huet. D'Haaptstad ass Maikop Myjeqwape.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Republik ass eng Enklav vun der Regioun Krasnodar. Am Nordweste grenzt se un de Krasnodarer Stauséi, am Norden an Nordoste orinetéiert sech d'Ofgrezung méi oder manner um Floss Laba. Am Süde fängt d'Biergwelt vum Kaukasus un, mat véier 3000er um Gebitt vun der Republik, an do läit och de gréissten Deel vum Kaukasus-Naturreservat.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Adygejer (Tscherkessen), déi der Republik den Numm ginn hunn, maachen haut just nach e Véirel vun der Bevëlkerung aus. Zënter 1939 sinn d'Russen déi gréisst Volleksgrupp (2010 koume se op 63,6 %).

No enger offizieller Ëmfro aus dem Joer 2012 si 35,4 % vun der Bevëlkerung russesch orthodox, 30 % si spirituell awer net reliéis, 13 % bekenne sech zum Islam, 9 % sinn Atheisten, an de Rescht gehéieren zu Splittergruppen, anere Reliounen oder hunn net op d'Fro geäntwert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigend gouf zënter dem 6. Joerhonnert vu Byzanz aus christianiséiert. D'Genueser hunn e puer Handelsplazen a Festungen an der Regioun vun den Tscherkesse gebaut. Vum 16.–19. Joerhonnert u sinn d'agebueren Adygejer ënner dem Afloss vun de Krimtatare lues a lues zum Islam iwwergetratt.

Den 21. Mai 1864 hunn déi russesch Truppen d'Tscherkessen als leschte vun den nordkaukasesche Vëlker bezwongen. Honnertdausenden dervu vu sinn an der Folleg an d'Osmanescht Räich verdriwwe ginn, net wéineg sinn der dobäi gestuerwen. Duerno si vill Russen an d'Republik agewandert.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

De Schwaarze Buedem an der Regioun eegent sech absënns fir Landwirtschaft. A klenge Quantitéite ginn och Äerdgas, Pëtrol, Gold an aner Eedelmetaller gefërdert an et gëtt Forstwirtschaft bedriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Republik Adygeja – Biller, Videoen oder Audiodateien