Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau

Vu Wikipedia
Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau
Gebuertsnumm Adelheid Marie von Anhalt-Dessau
Gebuer 25. Dezember 1833
Dessau
Gestuerwen 24. November 1916
Königstein im Taunus
Aktivitéit Kënschtler
Famill
Bestuet mat Adolphe vu Lëtzebuerg
Kanner Wëllem IV. vu Lëtzebuerg

D'Adélaïde-Marie, Prinzessin vun Anhalt-Dessau gebuer de 25. Dezember 1833 zu Dessau, a gestuerwen de 24. November 1916 am Schlass vu Königstein am Taunus, war déi zweet Fra vum Herzog Adolf vun Nassau, dem spéidere Grand-Duc Adolphe vu Lëtzebuerg. Zanter hirem Jonktem war si eng begeeschtert Molerin.

Si war Éierepresidentin vum Naussauesche Konschtveräin a Member vum Cercle Artistique vu Lëtzebuerg. Op hir Propositioun hin ass de Prix Grand-Duc Adolphe an d'Liewe geruff ginn, deen all Joer vum groussherzoglechen Haff un e lëtzebuergesche Kënschtler fir säin am Salon vum Cercle Artistique vu Lëtzebuerg ausgestallt Gesamtwierk vergi gëtt.

Hir léifst Theemae waren d'Stëlliewen, d'Blummen an d'Landschaften. 1892 ass fir si e Moleratelier am Palais installéiert ginn. Hiert Uelegbild Bouquet de Fleurs ass an der Kollektioun vum Nationalmusée um Fëschmaart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]