Aelbert Bouts

Vu Wikipedia
Aelbert Bouts
Verklärung vum Jesus, spéit 15. Jh.
Gebuer 1450er
Léiwen
Gestuerwen Mäerz 1549
Léiwen
Nationalitéit Südlech Nidderlanden
Aktivitéit Moler

Den Aelbert oder Aelbrecht Bouts, gebuer tëscht 1451 a 1454 warscheinlech zu Léiwen an och do 1549 gestuerwen, war e Moler aus den Nidderlanden.

Hie war de jéngste Jong vum Moler Dierick Bouts an de Brudder vum Dierick Bouts d. J., deen och Moler war. No enger Ausbildung bei sengem Papp an och baussent Léiwen goung hie 1476 op Léiwen hannescht, wou e sech 1481 mat der Maria Coocx a 1491 mat der Elisabeth Nausnyders bestuet huet. 1524 ass hien als ee vun de Presidente vun der Duchmécherzonft dokumentéiert.

Déi meescht Zäit an där hien aktiv war, wäert hien zu Léiwen verbruecht hunn, wou e Commandë vun enger jett Kierchen hat. Mat am bekanntsten ass säi Mariae-Himmelfahrt-Triptychon (haut zu Bréissel).

Dem Aelbert Bouts seng Molerei ass stilistesch no bei där vu sengem Papp. Seng Biller wierken e bësse méi almoudesch, et ass awer och dem Hugo van der Goes säin Afloss dran z'erkennen. Beléift Theeme vum Bouts sinn Diptyche mam gepéngegte Christus a senger Mamm Maria als Mater dolorosa.

No 1475 huet hien zesumme mat sengem Brudder e puer Biller vu sengem Papp fäerdeg gemoolt, déi deen net konnt ofschléissen, a si hunn och Biller vun him restauréiert.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Diptychon am Nationalemusée fir Geschicht a Konscht

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Schöne: Dieric Bouts und seine Schule, Berlin / Leipzig 1938

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aelbert Bouts – Biller, Videoen oder Audiodateien