Aepréifer

Vu Wikipedia

Als Aepréifer ginn dacks déi zwou Komponente vum opteschen Duebelstärsystem Mizar (ζ UMa) an Alkor bezeechent, déi de mëttelsen Täisselstär vum Stärebild Grousse Won duerstellen. Déi zwéi Stären hu ronn 700 Bousekonnen Wénkelofstand vuneneen, hir Distanz zur Äerd läit bei 81 respektiv 78 Liichtjoer; si sinn also net duerch Gravitatioun gebonnen.

D'Stärepuer soll mat dem normalen A, wat een Opléisungsverméigen vu ronn 30-120" (Bousekonnen) huet, bei gudde Siichtbedéngungen ouni Weideres getrennt gesi ginn. Bei der réimescher Reitarméi war dëst e „Muss“. Huet een déi zwéi Stären net ausernee konnten halen, ass een an der Reitarméi net ugeholl ginn.

Weider Stärekoppelen, déi als "Aepréifer" bezeechent kënne ginn, sinn Algiedi, Theta Tauris, My Scorpii, Epsilon Lyrae an Delta Gruis.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie