Aerope

Vu Wikipedia
{{{1}}}

D'Aerope, iwwersat: "déi mam niwwelwäisse Gesiicht" war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Katreus, dem Kinnek vu Kreta, an d'Schwëster vun der Klymene, der Apemosyne a vum Althaimenes. Si war d'Fra vum Kinnek Atreus vu Mykene (no enger anerer Versioun war si fir d'éischt d'Fra vum Pleisthenes), d'Maîtresse vu sengem Brudder Thyestes a Mamm vum Agamemnon, Menelaos an Anaxibia.

Well dem Katreus virausgesot gi war, datt en duerch d'Hand vun engem vu senge Kanner stierwe géif, huet e si an hir Schwëster Klymene vu Kreta verbannt andeems e s'an d'Sklaverei verkaaft huet wou se schliisslech vum Atreus, dem Jong vum Pelops fräikaaft gi sinn.

Si huet dem Thyestes Zwillinge gebuer déi den Atreus spéider ëmbruecht huet an hirem Papp z'iesse ginn huet.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.