Afaese Manoa

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Afaese Manoa
Gebuer 1942
Funafuti
Nationalitéit Tuvalu
Aktivitéit Schrëftsteller, Komponist

Den Afaese Manoa, gebuer 1942[1], ass en tuvalueschen SDA-Paschtouer[2],[3], Radiosspeaker[4] an Auteur. Hie gouf als den Auteur vun der Musek a vun der Lyrik fir d'Tuvaluesch Nationalhymn ("Tuvalu mo te Atua", 1978) bekannt[5].

De Manoa ass ee vun de Radiospionéier op Tuvalu, hie war de Moderateur vun enger chrëschtlecher Radiossendung[4]. Hien huet och zu der Fuerschung vun der tuvaluescher Sprooch bäigedroen a war zesumme mam Gary Crawford Coauteur vum Sproocheléierbuch "Cycles in Tuvaluan" (1977)[6].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op der Säit vun der Lietuvos nacionalinė Martyno Mažvydo biblioteka
  2. Pacific Islands Monthly, Vol. 49, 1–6, – S. 29 – Pacific Publications, 1978
  3. Report of the Tuvalu Constitutional Conference, London, February 1978: presented to Parliament by the Secretary of State for Foreign and Commonwealth Affairs by Command of Her Majesty, March 1978 – S. 12 – Great Britain. Foreign and Commonwealth Office
  4. 4,0 4,1 http://documents.adventistarchives.org/Periodicals/AAR/AAR19801222-V85-51.pdf
  5. https://snl.no/Tuvalus_nasjonalsang
  6. http://www.language-archives.org/item/oai:pacific.library.manoa.hawaii.edu:498085