Affär Procola

Vu Wikipedia

D'Affär Procola vs. Lëtzebuerg war eng Affär, déi virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ausgedroe gouf a bei där et den 28. September 1995 zu engem Urteel koum (Arrêt Procola c. Luxembourg).

Dëst Urteel, dat eestëmmeg geschwat gouf, seet, datt Lëtzebuerg den Artikel 6 vun der Europäescher Mënscherechts-Konventioun violéiert hätt. Dësen Artikel fuerdert Gewaltentrennung als Grondlag vum Rechtsstaatsprinzip. Bis dohi war et awer sou, datt de Staatsrot souwuel bei der legislativer Ausschaffung vun engem Reglement bedeelegt war (andeems e säin Avis ofgëtt), wéi och als eng Zort lescht Geriichtsinstanz (duerch de Comité du Contentieux, deen aus 11 Membere vum Staatsrot bestoung) bei der Interpretatioun vun der (Ir)regularitéit vu sou engem Reglement. An anere Wierder: De Staatsrot huet selwer doriwwer entscheet, ob dat wat e gesot hat, richteg war.

Auswierkung[änneren | Quelltext änneren]

Nom Urteel koum et dofir den 12. Juli 1996 zu enger Verfassungsännerung[1], déi festgehalen huet, datt vum 1. Januar 1997 un de Staatsrot just nach e Konsultativorgan am Kader vum legislative Prozess sollt sinn, an op der anerer Säit e Verwaltungsgeriicht (Tribunal administratif) an eng Cour administrative geschaf sollte ginn, déi dann onparteiesch Urteeler huele kéinten.

Och an der Belsch an an Holland, deenen hire respektive Staatsrot änlech organiséiert war, hu misse Moossname getraff ginn, fir sech dem Urteel unzepassen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. révision constitutionnelle du 12 juillet 1996 Archivéiert op 2012-02-29. Gekuckt de(n) 2009-05-19.