Op den Inhalt sprangen

Lulling-GTL-Affär

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Affär vum Cabinetsdeckel)
Der Astrid Lulling hire legendäre Cabinetsdeckel

D'Lulling-GTL-Affär, och nach d'Affär vum Cabinetsdeckel[1] genannt, ass eng politesch a juristesch Affär zu Lëtzebuerg an den 1980er Joren, déi domat op en Enn goung, datt d'CSV-Politikerin Astrid Lulling 1988 wéinst passiver Korruptioun am Zesummenhang mat der Firma GTL (Grands travaux de Luxembourg[2]) verurteelt gouf a verbuede krut en ëffentlecht Amt auszeüben.

Wat war geschitt?

[änneren | Quelltext änneren]

Wärend hirer Zäit als Buergermeeschtesch vu Schëffleng war d'Astrid Lulling heemlech Member am Verwaltungsrot vun der Baufirma GTL, déi ënner anerem fir hir Gemeng geschafft huet. Obwuel d'Buergermeeschtesch reegelméisseg als „juristesche Beroder“ am Kader vum Bau vu Sozialwunnengen un de Verwaltungsrotssëtzungen deelgeholl huet, huet dës duebel Roll misste geheim bleiwen. D'Astrid Lulling ass deemno net an den offiziellen Dokumenter vun der Firma opgedaucht a se huet hir Tantiemen an Avantages en nature indirekt kritt, ë. a. andeem d'Sue fir si op e Kont vun hirem fréieren SdK-Parteikolleeg Fernand Georges, dee Member am Verwaltungsrot vun der GTL war, gefloss sinn[3] oder datt Architekten-Honorairen (300.000 Frang) fir hiert Privathaus vun der GTL an enger Duechtergesellschaft bezuelt goufen[4]. Dëst Arrangement koum eréischt un d'Dagesliicht nodeem d'Firma GTL 1981 Faillite gaangen ass. D'Astrid Lulling seet hirersäits, si hätt just „verschiddentlech a geleeëntlech an d'Sëtzunge vun dëser klenger Lëtzebuerger Baufirma eragekuckt, fir mat deene Leit ze schwätzen“.

D'Astrid Lulling krut hir parlamentaresch Immunitéit de 5. Mee 1982 entzunn. Se gouf de 17. Juni 1984 ugeklot, den 23. Mäerz 1987 an éischter an am Februar 1988 an zweeter Instanz wéinst Amëschung (fr. immixation) op Grond vum Artikel 245 vum Code pénal prise illégale d'intérêts ») schëlleg gesprach. Dat lescht Urteel gouf vum Kassatiounshaff confirméiert; d'Lulling war domat zu enger Prisongsstrof op Sursis vu 6 Méint[4] an enger Geldstrof vun 100.000 Frang verurteelt ginn, an huet verbuede kritt wärend fënnef Joer ëffentlech Ämter, Beschäftegungen oder Positiounen auszeüben.

„…prononce contre la prévenue Lulling l'interdiction du droit de remplir des fonctions, emplois et offices publics pendant la durée de cinq ans.“

Extrait vum Urteel: Mein Leben als Frau in der Politik, S. 153

Nom Urteel koum et zu enger juristescher Onkloerheet, well net gewosst war, ob der Astrid Lulling hiert Deputéiertemandat ënnert de Verbuet fir « fonctions, emplois et offices publics » fale géif oder net: zielt et just fir ëffentlech Ämter wéi Minister, Buergermeeschter, Schäffen a Staatsbeamten oder och fir gewielt Gemengerotsmemberen an Deputéiert? Well de Parquet kengem Deputéierte säi Mandat entzéie kann, huet e gefrot, datt de Chamberpresident dat maache sollt. Doropshi gouf den 19. Juli 1988 eng Spezialkommissioun ënnert der Presidence vum Lucien Weiler an d'Liewe geruff fir ze klären, wat fir Conclusiounen aus dem Urteel ze zéie wären. D'Kommissioun koum zum Schluss, datt et un der Chamber léich, fir ze decidéieren, ob der Astrid Lulling hiert Deputéiertemandat sollt entzu ginn oder net. Mat 32 géint 29 Stëmmen an dräi Abstentioune konnt d'Lulling hiert Mandat behalen.

D'Astrid Lulling seet, si hätt hir Geldstrof bezuelt, gëtt awer och zou, datt en Deel vum Urteel ni vollstreckt gouf: si war och dozou verurteelt ginn, eng Mapp an zwéi Cabinetsdeckelen – déi se vun der GTL kritt awer net bezuelt hat – un de Stater Aarmebüro (bureau de bienfaisance) ze ginn. Si hätt dat e puer mol wëlle maachen, mä et wär net dozou koum. Si hätt déi Saachen iergend eng Kéier ewechgehäit, mat Ausnam vun engem Cabinetsdeckel dee s'op hirer Visiteurstoilette am Gebrauch hätt.

  • Lulling, Astrid. „Die schlimmsten Jahre meines Lebens 1981 –1988“ in: Mein Leben als Frau in der Politik: Autobiographie, S. 147–161, Luxembourg: [Schortgen], 2018. ISBN 978-99959-36-64-8

Quell vum Artikel, wou net anescht uginn

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Astrid Lulling veröffentlicht ihre Autobiografie, Um Spaweck
  2. RCS B11949
  3. (de) Astrid Lulling. d'Letzeburger Land, 35. Jg., nº 5, p. 3 (05.02.1988). Gekuckt den 13.12.2025.
  4. 1 2 (de) jmm, Auf der Suche nach einem Hebel. d'Letzeburger Land, 35. Jg., nº 29, p. 3. (22.07.1988). Gekuckt den 13.12.2025.