Afrika
| Afrika | |
|---|---|
|
| |
|
zesummegesat Satellittebild vun Afrika (NASA) | |
| Geographie | |
| Geographesch Lag | Nordhallefkugel, Südhallefkugel |
| Besteet aus | Nordafrika, Zentralafrika, Westafrika, Südlecht Afrika, Ostafrika |
| Länner | 55 |
| Fläch | 29.648.481 km² |
| Héchste Punkt | Kibo (5.895 m) |
| Déifste Punkt | Afar-Dräieck (-135 m) |
| Gréisst Waasserfläch | Victoriaséi |
| Demographie | |
| Awunner | 1.549.862.036 (2025) |
| Bevëlkerungsdicht | 51,12/km² |
| Bevëlkerungsräichst Regioun | Lagos |
| Aner Informatiounen | |
| Zäitzon | UTC−1, UTC±0, UTC+1, UTC+2, UTC+3, UTC+4 |
| Sproochen | > 1000 Sproochen |
|
Regiounen an Afrika (blo: Nordafrika, gréng: Westafrika, rosa: Zentralafrika, orange: Ostafrika, rout: Südlecht Afrika) | |
|
| |
Afrika ass deen zweetgréisste Kontinent. En ass dräimol méi grouss wéi Europa an huet eng Fläch vun 30,72 Millioune Quadratkilometer, wat 20,36 % vun der Landfläch vun der Äerd ausmécht. Et ass och de Kontinent mat der zweethéchster Bevëlkerung: geschaten 1,55 Milliarde Mënschen (19,36 % vun der Weltbevëlkerung) liewen an Afrika[1].
Afrika ass den eenzege Kontinent, deen an alle véier Hemisphäre läit.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Am Weste vun Afrika läit den Atlantik, am Osten den Indeschen Ozean an d'Rout Mier an am Norden d'Mëttelmier. D'Küstelängt ass 30.490 km laang.
Déi eenzeg Landverbindung mat anerem Festland ass iwwer d'Sinai-Hallefinsel, déi tëscht Afrika an der Arabescher Hallefinsel läit an eng Verbindung mat Eurasien hierstellt.
De südlechste Punkt vun Afrika ass de Kap Agulhas op 34°50' Süd.
Gewässer
[änneren | Quelltext änneren]Déi gréisst Waasserfläch an Afrika ass de Victoriaséi (en Deel vun Tansania, Uganda a Kenia.) mat enger Fläch vun 68.100 km². De längste Floss an Afrika ass den Nil, mat enger Längt vu 6.650 km.
Bierger
[änneren | Quelltext änneren]Déi fënnef héchst Bierger vun Afrika sinn:
| Bierg | Keegel | Héicht [m] | Staat |
|---|---|---|---|
| Kilimanjaro-Massiv | Kibo (Uhuru Peak) | 5.895 | Tansania |
| Mount-Kenya-Massiv | Batian | 5.199 | Kenia |
| Ruwenzori-Gebirge | Margherita Peak | 5.109 | DR Kongo, Uganda |
| Héichland vun Abessinien | Ras Daschän | 4.533 | Ethiopien |
| Virunga-Vulkaner | Karisimbi | 4.507 | Ruanda, DR Kongo, Uganda |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi eelst bekannt Spuere vum mënschleche Liewe goufen an Afrika fonnt. Et gëllt als sécher, datt sech vun hei aus als éischt den Homo erectus a méi spéit den anatomesch moderne Mënsch (Homo sapiens), an Asien an Europa verbreet hunn. Deementspriechend goufen och dat eelst stengent Geschier an Afrika entdeckt: einfacht Oldowan-Geschier aus dem Early Stone Age, déi an Europa als Alpaleolithikum bekannt ass.
Bevëlkerung a Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]675 Milliounen Awunner maachen 19,36 % vun der ganzer Weltbevëlkerung aus[1].
Et gëtt iwwer 1000 eegestänneg Sproochen an Afrika, dovu ginn déi 50 gréisser vu jeeweils iwwer enger Millioun Leit geschwat.
Déi wichtegst Sproochen, no Sproochefamillen agedeelt, sinn:
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Den afrikanesche Kontinent ass dee mat deene meeschte gescheiterte Staaten. Et gëtt nach ëmmer vill Länner, an deenen d'Mënscherechter oder d'Demokratie kleng geschriwwe ginn.
Zanter der Grënnung vun der Afrikanescher Union (AU) besteet d'Hoffnung, datt dës Problemer geléist kënne ginn.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]Tourismus
[änneren | Quelltext änneren]Haaptexportartikel
[änneren | Quelltext änneren]- Kakao: ongeféier 70 % vun der Weltproduktioun
- Diamanten: ongeféier 50 % vun der Weltproduktioun
- Gold: ongeféier 25 % vun der Weltproduktioun
- Pëtrol: ongeféier 10 % vun der Weltproduktioun
Opdeelung
[änneren | Quelltext änneren]Geographesch Opdeelung
[änneren | Quelltext änneren]Afrika ass a fënnef Regiounen opgedeelt:
Länner
[änneren | Quelltext änneren]Zum afrikanesche Kontinent gehéieren:
- 54 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
- 1 Staat déi nëmmen deels unerkannt ass,
- 11 Gebidder vun net-afrikanesche Staaten,
- 2 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.
D'Länner mat de meeschten Awunner sinn Nigeria, Ethiopien an Egypten iwwerdeems déi gréisst Länner (der Fläch no) Algerien, d'Demokratesch Republik Kongo an de Sudan sinn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Staate vun der Welt.
Membere vun de Vereenten Natiounen
[änneren | Quelltext änneren]| Nr | Regioun | Staat oder Territoire | Offizielle Staatsnumm | Haaptstad | Amtssprooch(en) |
|---|---|---|---|---|---|
| 1 | Nordafrika | Demokratesch Volleksrepublik Algerien | Algier | Arabesch, Kabylesch | |
| 2 | Südlecht Afrika | Republik Angola | Luanda | Portugisesch | |
| 3 | Westafrika | Republik Benin | Porto Novo | Franséisch | |
| 4 | Südlecht Afrika | Republik Botsuana | Gaborone | Englesch, Setswana | |
| 5 | Westafrika | Burkina Faso | Ouagadougou | Franséisch | |
| 6 | Zentralafrika | Republik Burundi | Gitega | Englesch, Franséisch, Kirundi | |
| 7 | Westafrika | Republik Cap Vert | Praia | Portugisesch | |
| 8 | Westafrika | Republik Côte d'Ivoire | Yamoussoukro (de jure) Abidjan (de facto) |
Franséisch | |
| 9 | Ostafrika | Republik Dschibuti | Dschibuti | Arabech, Franséisch | |
| 10 | Nordafrika | Arabesch Republik Egypten | Kairo | Arabesch | |
| 11 | Zentralafrika | Republik Equatorialguinea | Malabo (de jure) Ciudad de la Paz (de facto) |
Portugisesch, Spuenesch, Franséisch | |
| 12 | Ostafrika | Staat Eritrea | Asmara | Arabesch, Tigrinya | |
| 13 | Südlecht Afrika | Kinnekräich Eswatini | Mbabane (de jure) Lobamba (de facto) |
Englesch, Siswati | |
| 14 | Ostafrika | Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien | Addis Abeba | Amharesch | |
| 15 | Zentralafrika | Gabunesch Republik | Libreville | Franséisch | |
| 16 | Westafrika | Republik Gambia | Banjul | Englesch | |
| 17 | Westafrika | Republik Ghana | Accra | Englesch | |
| 18 | Westafrika | Republik Guinea | Conakry | Franséisch | |
| 19 | Westafrika | Republik Guinea-Bissau | Bissau | Portugisesch | |
| 20 | Zentralafrika | Republik Kamerun | Yaoundé | Englesch, Franséisch | |
| 21 | Ostafrika | Republik Kenia | Nairobi | Englesch, Swahili | |
| 22 | Ostafrika | Unioun vun de Komoren | Moroni | Arabesch, Franséisch, Komoresch | |
| 23 | Zentralafrika | Demokratesch Republik Kongo | Kinshasa | Franséisch | |
| 24 | Zentralafrika | Republik Kongo | Brazzaville | Franséisch | |
| 25 | Südlecht Afrika | Kinnekräich Lesotho | Maseru | Englesch, Sesotho | |
| 26 | Westafrika | Republik Liberia | Monrovia | Englesch | |
| 27 | Nordafrika | Libyen | Tripolis | Arabesch | |
| 28 | Ostafrika | Republik Madagaskar | Antananarivo | Franséisch, Malagasy | |
| 29 | Südlecht Afrika | Republik Malawi | Lilongwe | Chichewa, Englesch | |
| 30 | Westafrika | Republik Mali | Bamako | Franséisch | |
| 31 | Nordafrika | Kinnekräich Marokko | Rabat | Arabesch, Marokkanescht Tamazight | |
| 32 | Nordafrika | Islamesch Republik Mauretanien | Nouakchott | Arabesch | |
| 33 | Ostafrika | Republik Mauritius | Port Louis | Englesch | |
| 34 | Südlecht Afrika | Republik Mosambik | Maputo | Portugisesch | |
| 35 | Südlecht Afrika | Republik Namibia | Windhoek | Englesch | |
| 36 | Westafrika | Republik Niger | Niamey | Englesch, Hausa, Igbo, Yoruba | |
| 37 | Westafrika | Bundesrepublik Nigeria | Abuja | Englesch, Franséisch, Kinyarwanda, Swahili | |
| 38 | Ostafrika | Republik Ruanda | Kigali | Englesch | |
| 39 | Südlecht Afrika | Republik Sambia | Lusaka | Englesch | |
| 40 | Zentralafrika | Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe | São Tomé | Portugisesch | |
| 41 | Westafrika | Republik Senegal | Dakar | Franséisch | |
| 42 | Ostafrika | Republik Seychellen | Victoria | Englesch, Franséisch, Seychellenkreol | |
| 43 | Westafrika | Republik Sierra Leone | Freetown | Englesch | |
| 44 | Südlecht Afrika | Republik Simbabwe | Harare | Chichewa, Chibarwe, Englesch, Kalanga, Khoisan, Nambya, Ndau, Nord-Ndebele, Shangani, Sotho, Shona, Chitonga, Setswana, Tshivenda, IsiXhosa | |
| 45 | Ostafrika | Republik Somalia | Mogadischu | Arabesch, Somali | |
| 46 | Südlecht Afrika | Republik Südafrika | Bloemfontein (Judikativ) Kapstad (Legislativ) Pretoria (Exekutiv) |
Afrikaans, Englesch, Süd-Ndebele, isiXhosa, isiZulu, Nord-Sotho, Sesotho, Setswana, Siswati, Tshivenda, Xitsonga | |
| 47 | Ostafrika | Republik Sudan | Khartum | Arabesch, Englesch | |
| 48 | Ostafrika | Republik Südsudan | Dschuba | Englesch | |
| 49 | Ostafrika | Vereenegt Republik Tansania | Dodoma (de jure) Daressalam (de facto) |
Englesch, Swahili | |
| 50 | Westafrika | Republik Togo | Lomé | Franséisch | |
| 51 | Zentralafrika | Republik Tschad | N'Djamena | Arabesch, Franséisch | |
| 52 | Nordafrika | Tuneesesch Republik | Tunis | Arabesch | |
| 53 | Ostafrika | Republik Uganda | Kampala | Englesch, Swahili | |
| 54 | Zentralafrika | Zentralafrikanesch Republik | Bangui | Franséisch, Sango |
Net universell unerkannt Staaten
[änneren | Quelltext änneren]| Nr | Regioun | Staat oder Territoire | Offizielle Staatsnumm | Haaptstad | Amtssprooch(en) |
|---|---|---|---|---|---|
| 1 | Nordafrika | Demokratesch Arabesch Republik Sahara | Ajun (de jure) Tifariti (de facto) |
Arabesch, Spuenesch |
Gebidder vun net-afrikanesche Staaten
[änneren | Quelltext änneren]| Nr | Territoire | Mammeland | Haaptstad |
|---|---|---|---|
| 1 | Alhucemas-Inselen | – | |
| 2 | Ceuta | – | |
| 3 | Chafarinas-Inselen | – | |
| 4 | Kanaresch Inselen | Santa Cruz de Tenerife an | |
| 5 | Madeira | Funchal | |
| 6 | Mayotte | Mamoudzou | |
| 7 | Melilla | – | |
| 8 | Pelagesch Inselen | – | |
| 9 | Peñón de Vélez de la Gomera | – | |
| 10 | Réunion | Saint-Denis | |
| 11 | Sokotra | Hadibu |
Ofhängeg Gebidder
[änneren | Quelltext änneren]| Nr | Territoire | Mammeland | Haaptstad |
|---|---|---|---|
| 1 | Franséisch Süd- an Antarktisgebidder | Saint-Pierre op La Réunion | |
| 2 | Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha | Jamestown |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Afrika – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (en) Africa Population 2025. worldpopulationreview.com. Gekuckt den 18.07.2025.
- ↑ ouni Westsahara
- ↑ inklusiv Somaliland
- ↑ Anescht wéi d'AU als Ganzt, erkennt d'Majoritéit vun de Memberstaaten d'Republik net un (just 19 AU-Staaten erkennen s'un, 17 weiderer hunn hir ursprénglech Unerkennung zeréckgezunn). D'Gebitt ass bal komplett ënner der Kontroll vu Marokko.
