Agenzia Spaziale Italiana

Vu Wikipedia
ASI-Logo

D'Agenzia Spaziale Italiana ofgekierzt ASI, ass déi italieenesch Weltraumagentur mat Sëtz zu Roum. Si gouf 1988 gegrënnt an ënnersteet dem italieenesche Ministère fir Bildung, Fuerschung an Technologie.

Aufgaben an Ziler[änneren | Quelltext änneren]

D'Agentur begënschtegt a koordinéiert all Weltraumaktivitéite vun Italien. Si ass fir d'Ëmsetzung vun der italieenescher Raumfaartpolitik zoustänneg a stellt den "Nationale Raumfaartprogramm" op. Zil ass d'Ënnerstëtzung vu Fuerschung a Raumfaarttechnologie, besonnesch an de Beräicher Telekommunikatioun, Zivilschutz, Verdeedegung, Ëmweltschutz an natierleche Ressourcen. Duerch dës Aarbecht soll e Bäitrag fir d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit, der Sécherheet a vun de wirtschaftleche Grondlage geleescht ginn.

D'ASI ass net nëmmen eng Plang- a Koordinéierungsdéngschtplaz. Si huet op verschiddene Standplazen en ettlech eege Fuerschungs- an Entwécklungsariichtungen. Eng enk Zesummenaarbecht gëtt et an dësem Beräich mat Universitéiten, dem Consiglio Nazionale delle Ricerche-CNR (staatlecht italieenescht Fuerschungsinstitut) a villen Industriebetriber. Italie bedeelegt sech un internationale Raumfaartprogrammen, d'Agentur vergëtt direkt oder op Uerder vun internationalen Organer Opdträg fir de Bau vu Komponenten a Systemer, déi si dann och ënnerstëtzen a berodend betreien. Déi bedeitendst italieenesch Fabrikante vu Raumfaartsystemer gehéieren haut bal all zum Finmeccanica-Konzern. Eng wichteg Roll huet hei d'Alenia Spazio.

Projeten[änneren | Quelltext änneren]

D'ASI schafft enk mat der ESA zesummen, wou Italien och 1975 bei Grënnung bedeelegt war a fir déi si haut den drëttgréissten Undeel leescht. Enk Bezéiunge gëtt et och mat der NASA a mat anere Weltraumagenturen. D'ASI ass Vollmember am Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS).

Bedeelegt ass d'Agenzia Spaziale Italiana ë. a. un der Ariane-Rakéit, un der Internationaler Raumstatioun ISS (ë. a. Logistikmodule Leonardo, Raffaello, Donatello, Sky Polarization Observatoriy, Alpha Magnetic Spectrometer), um SAR-X-Programm (mat der NASA an der DLR), um ERS-Satellitteprogramm, un de Satellitte Olympus an Artemis, un de Projete Venus Express an Mars Express, um Roboterprojet Aurora, souwéi um Cassini-Huygens-Projet (woufir Italien d'Héichleeschtungsantenn geliwwert hat) an un der Shuttle Radar Topography Missioun fir Vermiessung vun der Äerduewerfläch.

Bilateral Projete gëtt et virun allem mat der NASA, awer z. B. och am Kader vun der Russian Italian Mission-RIM.

Am nationale Beräich huet d'ASI ë. a. d'Satellitten Sirio, Italsat, Sicral 1, Mita, Beppo-SAX, AGILE an LARES entwéckelt. Un der Entwécklung vun der liichter Drorakéit Vega bedeelege sech och en ettlech aner ESA-Membere. D'Rakéit gouf der ESA ugebueden a gëtt zanter 2012 agesat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun der Agenzia Spaziale Italiana deckt sech net mat der ganzer italieenescher Raumfaartgeschicht, déi Enn vun den 1950er Jore mat der Entwécklung vu Fuerschungssatellitte vum Typ "San Marco" ugefaangen hat. Dës, am Ganzen fënnef Satellitte goufen ab 1964 vu Wallops Island, USA a vun der italieenescher Rakéitestartplaz Malindi (San-Marco-Plattform) am Kenia an de Weltraum geschoss. Zu dësem Zäitpunkt war Italien dat éischt europäescht Land (an no den USA an der Sowjetunioun dat drëtt weltwäit), dat e Satellit an de Weltraum bruecht hat. 1977 war dann den Telekommunikatiounssatellit "Sirio" (12–18 GHz) un der Rei, deen op Uerder vum Consiglio Nazionale delle Ricerche (deemools fir d'Koordinéierung vum Raumfaartwiesen zoustänneg) vun enger italieenescher Entreprise gebaut gouf. Déi zouhuelend Aktivitéiten an dësem Beräich an d'Mataarbecht bei den europäesche Raumfaartagenturen ELDO, ESRA an dann ESA féieren 1988 zur Grënnung vun der ASI, wouduerch d'italieenesch Raumfaartaktivitéiten en ugemoossenen organisatoreschen an och rechtleche Kader kruten.

De Franco Malerba war 1992 den éischten italieenesche Astronaut, dee mat engem amerikanesche Space Shuttle an de Weltraum geflu war. Him ass den Umberto Guidoni (dee spéider als éischten Europäer an der ISS geschafft huet) an 1996 de Maurizio Cheli gefollegt. De Roberto Vittori war vun der russescher Weltraumgare Baikonur mat Sojus-Rakéite zweemol op d'ISS geflunn, fir d'lescht am Joer 2005.

2006 gouf de Paolo Nespoli als Missiounsspezialist fir d'Space-Shuttle-Missioun STS-120 ausgewielt, mat där Enn Oktober 2007 dat an Italie gebaute Modul Harmony zu der internationaler Raumstatioun bruecht gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]