Ahmad Jamal

Vu Wikipedia
Ahmad Jamal
Gebuertsnumm Frederick Russell Jones
Gebuer 2. Juli 1930
Pittsburgh
Gestuerwen 16. Abrëll 2023
Sheffield
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Westinghouse High School
Aktivitéit Jazzpianist, Discographesche Kënschtler
Member vun Ahmad Jamal Trio

Den Ahmad Jamal, gebuer den 2. Juli 1930 zu Pittsburgh, a Pennsylvania als Frederick Russell Jones, a getuerwen de 16. Abrëll 2023 zu Ashley Falls, am Massachusetts, war en US-amerikaneschen Jazz-Pianist, -Komponist an Arrangeur.

No éischte professionellen Optrëtter, nach als Jugendlechen, ass hie mam George Hudson op Tournee gaangen an huet 1949 an 1950 bei de Four Strings vum Joe Kennedy, Jr. gespillt. Dono huet hie Joerzéngt laang meescht an Jazztrioe gepilllt: tëscht 1950 an 1955 mam Israel Crosby um Bass an dem Ray Crawford op der Gittar; vun 1956 un am klassesche Pianotrio mat Bass a Batterie, mam Israel Crosby an dono dem Jamil Nasser als Bassist, a mat Batteure wéi dem Vernell Fournier. Den Album At the Pershing: But Not for Me mam Stéck Poinciana gouf 1958 e Milliounenhit. 1959 goung hien op Tournée an Afrika, dono méi dacks duerch Europa. An de fréien 1960er Jore gouf et méi roueg ëm hien, an en huet och als Clubmanager a Museksproduzent geschafft.

Déi méi rezent Phas vu sengem Trio gouf duerch de laangjärege Bassist James Cammack an de Batteur Idris Muhammad markéiert, mat deenen den Jamal 1998 an 2002 och an Europa ënnerwee war an Opname gemaach huet. Bei verschiddenen Optrëtter waren och e Showorchester aus Bléiser, Sträicher an Hannergrondsänger mat derbei. Op sengem Album Rossiter Road (1986) huet hie Funk-Beats geholl fir säi Piano ze begleeden. Hien huet souwuel Stécker aus dem Great American Songbook wéi och eege Kompositioune gespillt. Representativ Opname vun där Zäit si Crystal (1987) a Live In Paris (1992). Allgemeng gouf hie laang vun de Kritiker ignoréiert, koum awer zudackst beim Publikum gutt un.

Gielecher[änneren | Quelltext änneren]

1994 gouf den Jamal mam NEA Jazz Masters Award geéiert; 1996 gouf e mam Django d'Or ausgezeichnet, an 2017 krut en e Lifetime Achievement-Grammy fir säi Bäitrag zu der Museksgeschicht.

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • The Complete Okeh, Parrot & Epic Sessions 1951–1955 (Fresh Sound, ed. 2022)
  • The Complete Ahmad Jamal Trio Argo Sessions (1958–1962) – (Mosaic – 2009) – 9 CDen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]