Aktioun Réiserbunny
Ausgesinn
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Sprooch | Lëtzebuergesch |
Erauskomm | 1998 |
Auteur | Lucien Czuga |
Zeechnungen | Roger Leiner |
Serie | Superjhemp |
Band virdrun | Geheimcode Bloë Stär |
Band duerno | D'Patte wech vum Luxonit! |
Aktioun Réiserbunny an 10 aner Geschichten ass den 11. Album vun der Superjhemp-Serie déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf. De Comic ass am Joer 1998 erauskomm.
Ëm wat geet et?
[änneren | Quelltext änneren]De Band 11 ass ee vu véier Albumen[1] an deem et net ëm eng eenzel Aventure vum Superjhemp geet. Et ginn am Ganzen 11 ofgeschlosse Geschichte erzielt: eng Ouschter- an 9 Krëschtgeschichten an eng an där erkläert gëtt, wéi de Superjhemp op d'Welt koum.
Titele vun de Geschichten
[änneren | Quelltext änneren]- De Superjhemp an de Réiserbunny
- Dat klengt Meedchen an de Krëschtmännchen
- De Superjhemp an di eidel Krëppchen
- Dem Schrobiltgen säi Krëschtbeemchen
- D'Rätsel vum Palais!
- De Superjhemp säi Bouf
- De Superjhemp kënnt op den Hond
- De Superjhemp an d'Schwéiermamm!
- Charel Kuddel: Eleng doheem
- Däischtere Krëschtdag
- Wéi de Superjhemp op d'Welt koum
Personnagen am Album
[änneren | Quelltext änneren](alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)
- Bernie
- Bett-Görl
- Charel Kuddel
- Fernand Fuuss
- Fett-Man
- Fläsch-Man
- Jang Finster
- Jhelly-Family
- Jhempi Kuddel
- John Frech
- Käpt'n Luxusbuerg
- K. Loor-Rosen
- Kommissär Harespel
- Léandre Schrobiltgen
- Léonie Kuddel-Fleck
- Marguerite Fleck-Ewech
- Monni K.
- Pittiputt
- Poli Sprock
- Qualborn
- Sherlock Schrobiltgen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ déi dräi aner Albume mat méi Geschichte sinn d'Bänn 22, 28 an 29