Al Gore
Al Gore | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Albert Arnold Gore Jr. |
Gebuer |
31. Mäerz 1948 Washington |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard College, Vanderbilt Universitéit |
Aktivitéit | Politiker, Financier, Geschäftspersoun, Journalist, Klimaaktivist, Ëmweltaktivist, Schrëftsteller, Riedner, Blogger |
Partei | Democratic Party |
Fonctioun | Vizepresident vun de Vereenegte Staaten |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Papp | Albert Gore |
Mamm | Pauline LaFon Gore |
![]() |
Den Albert Arnold „Al“ Gore jr., gebuer den 31. Mäerz 1948 am Washington D.C., ass en US-amerikanesche Politiker (Demokratesch Partei), Entreprener an Ëmweltaktivist. Hie war vum 20. Januar 1993 bis den 20. Januar 2001 de 45. Vizepresident vun de Vereenegte Staaten.
Als de Running Mate vum Bill Clinton bei de Presidentschaftswalen 1992 an 2000 gouf hien, no deem senge Victoiren, allkéiers Vizepresident vun den USA.
Vun 1977 bis 1985 huet hien de Bundesstaat Tennessee als Deputéierten am Representantenhaus vertrueden, dono am Senat. 1988 wollt hie Presidentschaftskandidat ginn, wat him awer net geloung. No senger Amtszäit als Vizepresident, huet hie bei der Presidentschaftswal 2000 kandidéiert, awer géint säi republikanesche Géigekandidat George W. Bush verluer. De Gore krut bundeswäit 500.000 Stëmme méi, mä de Bush krut an de Bundesstaaten méi Walleitstëmmen, wat zu deem senger Victoire gefouert huet.
Den Al Gore huet vill Texter iwwer den Ëmweltschutz verëffentlecht. An Inconvient Truth ass eng Dokumentatioun, déi aus senger Multimedia-Presentatioun iwwer déi global Erwiermung ervirgaangen ass. 2007 huet d'Dokumentatioun zwéin Oscare gewonnen. Donieft huet hie mat dem GLOBE-Program eng Concertsrei Live Earth gestart. 2007 gouf den Al Gore fir seng Beméiungen a fir d'Opmierksammaachen op d'Klimakris an hire global Geforen mat dem Friddensnobelpräis ausgezeechent.
De Gore kënnt aus enger räicher a politesch aktiver Famill. Hien ass ë. a. Grënner a Chef vun der Alliance for Climate Protection, vum Generation Investment Management a Current TV. Ausserdeem ass hie Member am Opsiichts-Rot vun Apple an héichrangege Beroder vu Google, souwéi Associé an den Investmententreprisen Kleiner Perkins a Generation Investement Management. Seng Investitiounen fir eng Energiewend goufen alleng fir d'Joer 2009 op 300 Milliounen Dollar geschat.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Al Gore – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en)John M. Broder, Gore’s Dual Role: Advocate and Investor. The New York Times (03.11.2009). Gekuckt de(n) 18.01.2025.