Alan Shepard

Vu Wikipedia
Alan Shepard
Den Alan Shepard
Kategorie Astronaut
Land USA
Agentur NASA
Auswiel 2. Abrëll 1959
(1. NASA-Grupp)
Zuel vu Flich 2
Éischte Start 5. Mee 1961
Lescht Landung 9. Februar 1971
Dauer 9d 0h 16min
1. Missioun Mercury-Redstone 3
2. Missioun Apollo 14
opgehalen August 1974

Den Alan Bartlett "Al" Shepard, Jr., gebuer den 18. November 1923 zu East Derry, New Hampshire, Vereenegt Staaten a gestuerwen den 21. Juli 1998 zu Monterey, Kalifornien, USA war den éischten Astronaut vun de Vereenegte Staaten am Weltraum, a bei enger spéiderer Missioun de fënnefte Mënsch um Äerdmound.

Karriärufank[änneren | Quelltext änneren]

De Shepard war en exzellente Schüler. Faszinéiert vun de Fliger ass hie reegelméisseg als Bouf mam Vëlo op den nächste Fluchhafe pedalléiert, wou hie Geleeënenheetssaarbechte gemaach huet, fir heiansdo an engem Fliger matfléien ze kënnen.

1941 huet hie säi Schoulofschloss an der Admiral Farragut Academy zu Toms River, New Jersey gemaach. Vun 1941 bis 1944 huet hien op der United States Naval Academy zu Annapolis, Maryland studéiert. Bis zum Enn vum Zweete Weltkrich huet hien dann an der US-Marinn um Zerstéierer Cogswell am Pazifik gedéngt.

Nom Krich gouf hien als Pilot ausgebilt a war dunn als Marinn-Pilot, ënner anerem op Fligerdréier am Mëttelmier.

Am Joer 1950 huet de Shepard d'Ausbildung als Testpilot zu Patuxent River, Maryland ugefaangen. Nom Ofschloss 1951 huet hie verschidde Kampfjets getest an huet ënner anerem Landetechnike fir déi nei Fligerdréier mat ofgewénkelte Landebunnen ausgeschafft. Nodeems hie schonn 1944 säi Bachelor of Science op der United States Naval Academy gemaach hat, koum hien op de Naval War College zu Newport, wou hien 1957 e Master of Arts krut. Hien hat och en ettlech akadeemesch Éierentitelen.

Den éischten Amerikaner am Weltall[änneren | Quelltext änneren]

Alan Shepard virum Start vun der Freedom 7

De Shepard huet zu den 110 Militär-Testpilote gehéiert, déi vun der NASA als potentiell Astronauten ausgewielt goufen, woubäi awer d'Aluedung un de Shepard verluer gaange war. Trotzdeem huet hien zu de siwe (Mercury Seven) gehéiert, déi den 9. Abrëll 1959 vun der NASA als Amerikas éischt Astronautegrupp virgestallt goufen.

Den 21. Februar 1961 gouf de Shepard gewuer, datt hie fir den éischte bemannte Fluch vum Mercury-Raumschëff virgesinn war. Dës Nochriicht gouf awer nach net publizéiert.

De Start vun der Missioun Mercury-Redstone 3 (Mercury-Kapsel MR-3) ass dann de 5. Mee 1961 erfollegt. De Shepard hat dem Raumschëff den Numm Freedom 7 ginn. De Fluch war net als Äerdëmkreesung geplangt, mä als suborbital ballistesch Fluchbunn, hien hat eng Héicht vun 187 km erreecht. No 15 Minutten an 22 Sekonnen ass d'Freedom 7 sécher am Atlantik gelant. Domat war hien nom Juri Gagarin aus der Sowjetunioun, deen d'Äerd den 12. Abrëll an 106 Minutten eemol ëmkreest hat, den zweete Mënsch am Weltraum.

Bei de béiden nächste Mercury-Missiounen den 21. Juli 1961 an 20. Februar 1962 war de Shepard als Verbindungsspriecher (Capcom) bedeelegt.

Fir déi lescht Missioun am Mercury-Programm, Mercury-Atlas 9, war hien als Ersatzpilot virgesinn, am Fall wann de Gordon Cooper ausfale soll, de Fluch gouf awer de 15. a 16. Mee 1963 ouni Problemer gemaach.

De Shepard hat drop gedrängt, datt dat lescht verbliwwe Mercury-Raumschëff Mercury 10 fir e Laangzäitfluch benotz soll ginn, mat sech als Pilot an de Cooper als Ersatz. Hien hat d'Raumschëff esouguer mam Schrëftzuch „Freedom 7 II“ bemole gelooss, mä d'NASA hat entscheet, datt alles op de Gemini-Programm konzentréiert soll ginn, soudatt de Shepard net zu der erhoffter Äerdëmkreesung koum.

Kee Gemini-Fluch fir de Shepard[änneren | Quelltext änneren]

De Shepard war fir de Fluch mam Gemini-Raumschëff, Gemini 3 als Kommandant nominéiert. Hien hat scho mam Tom Stafford den Training opgeholl, mä duerch e gesondheetleche Schued um lénkse Bannenouer Menière-Syndrom konnt hien net weidermaachen. En ze groussen Drock vun der Flëssegkeet am Bannenouer féiert dobäi zu Stéierunge vum Gläichgewiichtssënn, Schwindelgefiller an Iwwelkeet, wat schlecht fir de Fluch gewiescht wier.

Am Mäerz 1966 leet hien de Comitee, deen de Fligerofstuerz ënnersiche soll, bei deem d'Astronauten Elliot See an Charles Bassett den Doud fonnt haten.

De Fluch op den Äerdmound[änneren | Quelltext änneren]

De Shepard um Äerdmound (1971)

Ufank 1969 huet de Shepard sech um Ouer operéiere gelooss. Am Mee war hien nees komplett kapabel fir e Fluch, soudatt hie mat der Ausbildung am Kader vum Apollo-Programm weidefuere konnt. D'Leedung vum Astronautebüro hat den Tom Stafford kritt.

De Shepard war fir d'éischt als Kommandant vun der Apollo-13-Missioun virgesinn, déi am Abrëll 1970 starte soll, awer den NASA-Management hat drop gedrängt, him méi Zäit fir d'Virbereedung ze ginn, well hie laang keen Astronautentraining méi hat. Dofir gouf de Shepard zesumme mam Stuart Roosa an dem Edgar Mitchell op Apollo 14 verluecht.

Dee Moundfluch war du vum 31. Januar (drëtt Moundlandung de 5. Februar 1971) bis den 9. Februar 1971. De Shepard war zu deem Zäitpunkt scho 47 Joer al, bei Wäitem den eelste vun alle Moundfuerer. Hie war den éischte Mercury-Astronaut, deen et bis op den Äerdmound gepackt hat, an hie sollt den eenzege bleiwen. Wéi hien um Mound getrëppelt ass, sot hien: "Den Al ass op der Uewerfläch, an et war e wäite Wee, mä mer sinn hei".

Den Al Shepard goung och als éischte Golfspiller um Mound an d'Geschichtsbicher an. Hien hat zwéi Golfbäll mat op de Mound bruecht, an ausserdeem en sechster Eisen, dat hie provisoresch un engem geologeschen Instrument festgemaach hat. Wéinst dem steife Raumgezei huet hie misse mat enger Hand schloen. Den éischte Ball hat hie verfeelt, fir en dann am zweete Versuch een oder zwéi Meter virunzebréngen. Den drëtte Schlag huet du getraff, a mat engem véierte Schlag konnt hien den zweete Ball e puer honnert Meter méi wäit schloen.

Bei de follgende Moundflich Apollo 15 am Juli 1971 an Apollo 17 am Dezember 1972 war de Shepard dunn als Verbindungsspriecher (Capcom) an der Fluchleedung.

Nom Moundfluch[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 1971 hat hien d'Aarbecht als Leeder vum Astronautebüro nees opgeholl. Vum US-President Nixon gouf hien am Juli zum Delegéierte fir d'UN-Vollversammlung ernannt a blouf vu September bis Dezember 1971 op där Plaz.

Den 1. Dezember 1971 gouf hie vun der US-Marinn zum Konteradmiral ernannt.

De Shepard ass den 31. Juli 1974 aus der NASA an aus der US-Marinn ausgetratt, an huet d'Leedung vum Astronautebüro un den John Young ginn. De Shepard huet sech dunn op seng Aarbecht als Geschäftsmann konzentréiert, déi hie schonn zu Astronautezäiten zum Millionär gemaach hat.

Hie gouf President vun der Marathon Construction Corp. zu Houston an der Windward Distributing Company a war am Opsiichtsrot vun ettleche Firmen.

Seng Firma Seven Fourteen Enterprises (genannt nom Freedom 7 an Apollo 14) war d'Holding vu senge geschäftlechen Aktivitéiten.

Zesumme mat den anere Mercury-Astronauten an der Betty, der Wittfra vum Gus Grissom, hat hien 1984 d'Mercury Seven-Stëftung gegrënnt, déi Stipendien u Studente vergëtt. Am Joer 1995 gouf d'Stëftung an Astronaut Scholarship Foundation ëmgenannt an de Shepard gouf President, bis hie seng Plaz am Oktober 1997 un de fréieren Astronaut Jim Lovell ofginn huet.

1996 gouf festgestallt, datt den Alan Shepard u Leukemie erkrankt war, wourun hien am Joer 1998 am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass. Seng Fra Louise, mat där hien 53 Joer laang bestuet war, ass nëmmen ee Mount méi spéit och gestuerwen. Si hannerloossen zwee Meedercher: Laura (* 1947) a Juliana (* 1951). D'Shepards hunn ausserdeem och d'Nies Alice opgezunn, sou datt déi och dacks als Duechter bezeechent gëtt.

Zesummefaassung vun de Raumflich[änneren | Quelltext änneren]

Nr. Missioun Funktioun Fluchdatum Fluchdauer
1 Mercury-Redstone 3 Kommandant 5. Mee – 5. Mee 1961 0d 0h 15m
2 Apollo 14 Kommandant 31. Januar – 9. Februar 1971 9d 0h 01m

Zu senger Persoun[änneren | Quelltext änneren]

Den Alan "Al" Shepard huet als eng vun de schwieregste Persoune vum ganzen Apollo-Programm gegollt. Am Astronaute-Korps war d'Meenung iwwer hie gedeelt. Seng Kolleegen hate Respekt an Unerkennung, awer och vill Näid géint seng Persoun.

Besonnesches a Rekorder[änneren | Quelltext änneren]

  • Éischten Amerikaner am Weltall (Mercury-Redstone 3)
  • Eelste Mënsch um Äerdmound (Apollo 14)
  • Eenzege Mercury-Veteran um Äerdmound (Apollo 14)
  • Éischte Golfspiller um Äerdmound (Apollo 14)
  • Éischte Grousspapp um Äerdmound (Apollo 14)

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

De Shepard gouf 1977 als zweete Raumfuerer an d'National Aviation Hall of Fame opgeholl. 1978 krut hien als sechsten Astronaut d'Congressional Space Medal of Honor.

Am Dezember 2006 gouf e Versuergungsfrachtschëff vun der US Navy no him genannt: USNS Alan Shepard (T-AKE-3).

De 4. Dezember 2008 gouf am Kreideséi Hemmoor eng Piper 28 kontrolléiert versenkt. Si hat fréier dem Shepard gehéiert a kann elo an enger Déift vu knapps 10 m bedaucht ginn.

Fir de 50-jährege Jubiläum vu senger éischter Rees an de Weltall hat d'US-Post am Joer 2011 en Timber mam Bild vum Alan Shepard erausbruecht.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alan Shepard – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erster Amerikaner im Weltraum geehrt in: NZZ Online vum 5. Mee 2011