Albert Bousser

Vu Wikipedia
Albert Bousser
Gebuer 8. Februar 1906
Alzeng
Gestuerwen 2. Mee 1995
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler, Schrëftsteller
Partei LSAP, SDP


Den Albert Bousser, gebuer den 8. Februar 1906 zu Alzeng a gestuerwen den 2. Mee 1995 an der Stad, war e lëtzebuergeschen Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker.

Hien huet zu Paräis op der École du génie civil studéiert an ass Inspecteur divisionnaire technique bei der CFL ginn, wou hie bis 1969 geschafft huet. Fréi schonn ass hien an der FNCTTFEL aktiv ginn. Vun 1945 bis 1954 war hie Sekretär, a vun 1954 bis 1964 President vun där Gewerkschaft.

1946 ass den Albert Bousser fir d'éischt op der Zentrumslëscht vun der LSAP an d'Chamber gewielt ginn wou e bis 1964 Deputéiert war.

1950 bis 1951 war e kuerz Gemengerot an der Stad, an, nodeem en op den Houwald geplënnert war 1964 Buergermeeschter vun Hesper. Vun 1952 bis 1954 war hie President vun der LSAP.

De 17. Juli 1964 gouf hien, an der Regierung Werner-Cravatte, Bauteminister a Minister fir Transport, Post a Kommunikatioun.

Den Albert Bousser huet sech 1971 der Sozialdemokratescher Partei ugeschloss. Hie war vun 1970 bis 1974 am Gemengerot zu Hesper a vun 1976 bis 1979 Schäffen. 1974 ass hien och nees an d'Chamber gewielt ginn, wou e bis 1979 war.

Den Albert Bousser ass 1995, am Alter vun 89 Joer, gestuerwen.

Bibliographie

  • Bousser, Albert: Vom Dorfjungen über zwei Weltkriege zum Minister. Impr. Victor 1973
  • Bousser, Albert: "Die Flügelradmänner und ihre konservativen Widersacher" In FNCTTFEL: 75 Joer Landesverband. 1984

Gielercher

Kuckt och

Referenzen

  1. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1956 Memorial A N° 10 vun 1956