Albert Coppé
Albert Coppé | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
26. November 1911 Bruges |
Gestuerwen |
30. Mäerz 1999 Tervuren |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun | Kathoulesch Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Politiker, Ekonomist, Universitéitsprofesser |
Fonctioun | Deputéierten |
Gielercher | Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne |
![]() |
Den Albert Coppé, gebuer de 26. November 1911 zu Bruges, a gestuerwen den 30. Mäerz 1999 zu Tervuren, war e belschen Ekonomist a Politiker. Hie war Vizepresident vun der Héijer Autoritéit vun der CECA, déi den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Aarbecht opgeholl huet.
Säi Liewen a seng Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]Den Albert Coppé huet zu Léiwen Ekonomie studéiert an huet 1940 säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss. Op der Kathoulescher Universitéit vu Léiwen war hien duerno Professer an huet do Ekonomie dozéiert (1941-1982).
Den Albert Coppé hat ee gutt ausgefëllt politescht Liewen:
- Deputéierte vun 1946-1952 (chrëschtlech-soziale Politiker)
- Minister fir Ëffentlech Aarbechten, Wirtschaft a Reconstructioun (1946-1952).
- Vizepresident vun der Héijer Autoritéit vun der CECA (1952-1967).
- Member vun der Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten (No der Fusioun vun den europäesche Verträg) (1967-1973)
- Administrateur an duerno President vum Verwaltungsrot vun der Société Générale de Banque vu Bréissel (1975-1982)
- President, wärend laange Jore vun der Union Européenne des Fédéralistes.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]Den Albert Coppé war och, nieft aneren internationalen Auszeechnungen, mat der héchster lëtzebuergescher Auszeechnung, dem Grousskräiz vum Ordre de la couronne de chêne dekoréiert ginn.
Seng Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Vu senge wichtegste Publikatioune sinn ze nennen:
- Problèmes d'Ekonomie Charbonnière,
- De Europeese Uitdaging,
- De Multinationale Onderneming,
- Inflatie,
- Polemiek rond België
- Hie war och Mataarbechter vun der Libre Belgique (1974-1988).