Albert George Wilson

Vu Wikipedia
Albert George Wilson
Gebuer 28. Juli 1918
Houston
Gestuerwen 27. August 2012
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology
Aktivitéit Astronom

Den Albert George Wilson, gebuer den 28. Juli 1918 zu Houston, Texas a gestuerwen de 27. August 2012, war en US-amerikaneschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wilson krut 1947 vu Caltech säin Doctor of Philosophy ("Dokter vun de Wëssenschaften") mat senger Aarbecht Axially Symmetric Thermal Stresses in a Semi-Infinite Solid.

Hien huet vun 1949 u beim Palomar-Observatoire geschafft. 1953 gouf hie stellvertriedenden Direkter vum Observatoire Lowell. Spéider hat hien eng Plaz bei der Rand Corporation ugetrueden. 1962 huet hien du bei der Fachzäitschrëft Icarus geschafft.

Hien hat eng Rei Asteroiden entdeckt, a war Matentdecker vum Koméit 107P/Wilson-Harrington.

Asteroiden entdeckt: 5
(1620) Geographos[1] 14. September 1951
(1915) Quetzálcoatl 9. Mäerz 1953
(1980) Tezcatlipoca[2] 19. Juni 1950
(10000) Myriostos 30. September 1951
(118162) 1951 SX 29. September 1951

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. zesumme mam R. Minkowski
  2. zesumme mam Å. A. E. Wallenquist