Albert Goedert

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Albert Goedert, gebuer den 30. August 1913 a gestuerwen den 1. Dezember 1982, war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser.

Den Albert Goedert war virun allem bekannt duerch seng Grammaire pratique de la langue française déi aus dem Volume 1: Morphologie an dem Volume 2: Syntaxe bestanen huet. Déi Grammaire war joerzéngtelaang um offizielle Schoulprogramm.

Hie war Direkter vum Lycée Hubert-Clément.

Den 19. Dezember 1972 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert an ass an där Funktioun bis zu sengem Doud bliwwen.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1954)[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Memorial N°9 vun 1954 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la ocuronne de chêne dekoréiert goufen