Op den Inhalt sprangen

Albert Ruppert

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert Ruppert
Gestuerwen 16. Mee 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Fonctioun Buergermeeschter
Stroosseschëld zu Schwéidsbengen

Den Albert Ruppert, gebuer ..., a gestuerwen de 16. Mee 1976, am Alter vu 69 Joer, an der Stad Lëtzebuerg[1],[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Wënzer.

Hie war 30 Joer laang Member vum Gemengerot vun der deemoleger Gemeng Welleschten[2], dovun 22 Joer, vun 1952 bis 1975[3], als Buergermeeschter.

Vun 1957 bis 1969 war hie Member vum Comité de surveillance vun der Wënzergenossenschaftskellerei vu Welleschten, déi lescht Joren als President dovun. Tëscht 1967 an 1973 war e Member, resp. President vum Comité d'administration' vun der Kellerei[2].

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Schwéidsbeng d'Place Albert Ruppert no him genannt.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Doudesannonce vum Albert Ruppert. viewer.eluxemburgensia.lu 10. Luxemburger Wort (18.05.1976). Gekuckt de 06.09.2025.
  2. 1 2 3 J.G: Bürgermeister Albert Ruppert, Schwebsingen, zum Gedenken. In: Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 132 (10.06.1976), p. 7 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
  3. Informatioun um Stroosseschëld
  4. (fr) Place Albert Ruppert. Mapcarta. Gekuckt de 06.09.2025.