Alberto Ángel Fernández
Ausgesinn
| Alberto Ángel Fernández | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
58. President vun Argentinien | |
| 10. Dezember 2019 - 10. Dezember 2023 | |
| Virgänger | Mauricio Macri |
| Nofollger | Javier Milei |
| Partei |
Partido Justicialista, Partido Justicialista |
| Biographie | |
| Gebuer |
2. Abrëll 1959 Buenos Aires |
| Nationalitéit | Argentinien |
| Educatioun | Universitéit vu Buenos Aires |
|
| |
Den Alberto Ángel Fernández, gebuer den 2. Abrëll 1959 zu, Buenos Aires, ass en argentinesche Jurist a Politiker (Partido Justicialista). Hien war vum 10. Dezember 2019 bis den 10. Dezember 2023 President vun Argentinien.
De Fernández war vun 2003 bis 2008 ënner de Presidenten Néstor Kirchner a Cristina Fernández de Kirchner hire Chef de Cabinet. De 26. Oktober 2019 huet hien als Kandidat vun der Parteienallianz Frente de Todos d'Presidentewalen (déi zäitgläich mat de Parlamentswale waren) gewonnen. Hie gouf den 10. Dezember als neie President vereedegt.
Virdru war hie Professeur-adjoint an der juristescher Fakultéit vun der Universitéit Buenos Aires.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Alberto Ángel Fernández – Biller, Videoen oder Audiodateien |
