Alcázar vu Sevilla

Vu Wikipedia
Alcázar vu Sevilla
Land Spuenien
Gemeng Sevilla
Koordinaten 37°23'3,95"N, 5°59'28,28"W
Fläch 9,8 ha
Statut Partie vun engem UNESCO Weltkulturierwen

Den Alcázar vu Sevilla (Spuenesch: Reales Alcázares de Sevilla) ass e befestegte Palais (alcázar) zu Sevilla a Spuenien. De Bau gouf 844 ënner dem Emir Abd al-Rahman II ugefaangen a gouf an de Joerhonnerten duerno ëmmer nees ëmgebaut.

Am 13. Joerhonnert huet den Alfonso X. vu Kastillien e gotesche Palais op der Plaz vum mosleemeschen Alcazar baue gelooss. Am 14. Joerhonnert, nom Äerdbiewe vun 1356, huet de Pedro I. vu Kastillien e Palais am Mudejar-Stil bäibaue gelooss. Am 15. Joerhonnert huet de Karel V. nach eng Kéier Ëmbauaarbechte maache gelooss.

Den Alcazar vu Sevilla ass zanter 7 Joerhonnerten eng kinneklech Residenz a gëtt nach haut vun der kinneklecher Famill benotzt.

Den Alcazar vu Sevilla ass, zesumme mat der Kathedral Notre-Dame vu Sevilla an dem Archivo de Indias op der Lëscht vun den Unesco-Weltkulturierwen agedroen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alcázar vu Sevilla – Biller, Videoen oder Audiodateien