Aldringen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Fir de Feldhär, kuckt: Johann von Aldringen


Aldringen
Aldringen, kerk foto3 2011-06-03 10.16.JPG
Kierch vun Aldringen (2011)
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of the German Community in Belgium.svg Däitsch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Liège.svg Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Burg-Reuland
Koordinaten 50° 13’ 16.35’’ N
      06° 01’ 27.56’’ O
Telefonszon 080

Aldringen ass eng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland am Südoste vun der Provënz Léck un der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

Aldringen huet 317 Awunner.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

E réimesche Sailestomp ënner dem Dafsteen an der Parkierch Aldringen aus dem 2. Joerhonnert no Christus deit op eng fréi Besiidlung hin. Aldringen gouf als Par fir d'éischt am Joer 1131 ënner Aljer ernimmt.

Fréier gouf et zu Aldringen eng Buerg op där Plaz, déi haut Burgstadt heescht. Vun der Buerg ass haut näischt méi ze gesinn. Nokomme vun der Famill Aldringen liewen haut nach zu Lëtzebuerg an zu Wien als Adelsgeschlecht.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Aldringen zu der fréierer Gemeng Thommen gehéiert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft grenzt u Beho, Deifelt, Espeler, Thommen a Maldingen. Aldringen besteet nieft dem bebauten Duerfkär gréisstendeels aus Weedeland. Et gëtt och Akerland an e klengt Stéck Bësch.

Offiziell gëtt et zu Aldringen keng Stroossennimm. Stroossen, Uertsdeeler, Bëscher, asw. hunn Nimm wéi, "'d Jaass", "'d Stross" "op't Buresch", "on 't Steekoul", "de Moljerweich"...

Aldringen bei Buerg-Reuland

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aldringen – Biller, Videoen oder Audiodateien