Alec Guinness

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Alec Guiness (1973)

De Sir Alec Guinness, CH CBE, gebuer den 2. Abrëll 1914 zu Paddington, London, a gestuerwen de 5. August 2000 zu Midhurst, West Sussex, England, war en englesche Schauspiller.

No enger fréier Carrière op der Bühn huet hien an den 1950er an 1960er Jore mat groussem Succès a sougenannten Ealing Comedies matgespillt, dorënner The Ladykillers a Kind Hearts and Coronets (woudran en aacht verschidde Rollen hat). Am bekanntste gouf en duerch seng Zesummenaarbecht mam David Lean an deem senge Filmer: als Herbert Pocket a Great Expectations (1946), Fagin an Oliver Twist (1948), de Col. Nicholson an The Bridge on the River Kwai (1957, woufir en den Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll krut), de Prënz Faisal a Lawrence of Arabia (1962), de Yevgraf an Doctor Zhivago (1965), an als Professor Godbole an A Passage to India (1984). Och fir seng Roll als Obi-Wan Kenobi am George Lucas senger Original-Star Wars-Trilogie gouf hie wäit bekannt.

De Guinness war, zesumme mam Laurence Olivier a mam John Gielgud, ee vun den dräi britesche Schauspiller, déi nom Zweete Weltkrich de Sprong vu klassesche Shakespeare-Theaterrollen an Hollywood-Blockbuster gepackt hunn. Nieft dem Oscar huet den Alec Guiness e BAFTA Award, Golden Globe an en Tony Award gewonnen. 1959 gouf hie vun der Kinnigin Elizabeth II. fir säi Verdéngscht ëm d'Konscht geadelt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1946 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1994[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alec Guiness – Biller, Videoen oder Audiodateien