Alerte aux Canaries
Ausgesinn
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | Frankräich |
| Première | 1957 |
| Dauer | 95 Min |
| Faarf | Schwaarz-Wäiss |
| Format | 1,37:1 |
| Ekipp | |
| Regie | André Roy |
| Dréibuch |
Eddy Ghilain Jean Marcillac |
| Fotografie | Arthur Raimondo |
| Musek | Francis Lopez |
| Schnëtt | Gabriel Rongier |
| Dekoren | Claude Bouxin |
| Produktiouns- gesellschaft | Roy Films |
| Schauspiller | |
|
Célia Cortez als Michèle Howard Vernon als Maxime Bruce Kay als Frank Marco Villa als Maurice Bob Ingarao als Francisco Jean Tissier als Soubignou Charles Lemontier Charles Roy als Cheneville | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Alerte aux Canaries ass e franséische Film vum André Roy aus dem Joer 1957 no engem Roman vum Léo Malet mat der Célia Cortez a mam Howard Vernon an den Haaptrollen.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Konschtgalerist Maxime Bellac gëtt owes iwwerfall, a bréngt den Ugräifer a Selbstverdeedegung ëm. Hien erkennt en erëm als e franséische Sécherheetsagent, a gëtt senger Frëndin Michelle zou, déi beim Iwwerfall derbäi war, dass e fir eng ëstlech Muecht schafft a Geheimpläng vun Atomwaffen op de Kanareschen Inselen organiséiere soll. Well hie wéint senger Dot dat elo net méi maache kann, iwwerzeegt en d'Michelle, a senger Plaz déi Dokumenter sichen ze goen...
