Alexander De Croo

Vu Wikipedia
Alexander De Croo
Gebuer 3. November 1975
Vilvoorde
Nationalitéit Belsch
Educatioun Northwestern University
Aktivitéit Politiker

Den Alexander De Croo, gebuer den 3. November 1975 zu Vilvoorde, ass e belsche Geschäftsmann a Politiker vun der Partei Open Vlaamse Liberalen en Democraten (Open VLD). Hien ass zanter dem 1. Oktober 2020 Premierminister vun der Belsch, an enger Koalitiounsregierung vu siwe Parteien. Vun 2009 bis 2012 war hie President vun der Open VLD.

Liewen, Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den De Croo ass de Jong vum liberale Politiker Herman De Croo (Open VLD) an der Affekotin Françoise Desguin. Hien huet bis 1998 op der Vrije Universiteit Brussel (VUB) studéiert an do e Master als Wirtschaftsingenieur gemaach. Dono huet en op der Northwestern University am Illinois e Master of Business Administration gemaach. Hien huet sechs Joer an den USA fir d'Boston Consulting Group geschafft. Dono goung hien hannescht an d'Belsch, fir eng eege Berodungsfirma opzemaachen, déi op Propriété intellectuelle spezialiséiert ass[1].

Am Dezember 2009 gouf hien zum Nofollger vum Guy Verhofstadt als President vun der Open VLD gewielt[2]. E puer Méint dono huet hien, de 26. Abrëll 2010, d'Regierung vum Yves Leterme duerch e Vertrauensentzuch vu senger Partei zu Fall bruecht, well hien net mam Kompromëss d'accord war, wéi de Walkrees Bréissel-Halle-Vilvoorde sollt opgespléckt ginn, an dee mat vill Krämpes zustane komm war. D'Resultat war eng Regierungskris vu 541 Deeg, déi bis de 6. Dezember 2011 goung[1].

2010 gouf den De Croo an de Senat gewielt. Den 18. Oktober 2012 gouf e Member vun der federaler Regierung ënner dem Premier Elio Di Rupo, an zwar Vizepremier a Minister fir d'Pensiounen. No de Parlamentswale vun 2014, gouf den De Croo an d'federaalt Parlament gewielt, gouf dann awer ënnert dem Premierminister Charles Michel Vizepremierminister a Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht.

Den 9. Dezember 2018 gouf en zousätzlech Finanzminister an den Interims-Regierunge Michel II, a Wilmès I an II.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Francis Van de Woestyne: Un homme gentil qui devra apprendre à se faire respecter. La Libre Belgique, 1. Oktober 2020, S.6–7
  2. "Open VLD kiest met Alexander De Croo voor avontuur" standaard.be, 12. Dezember 2009.