Alexandre Wiltheim

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Alexander Wiltheim)
Alexandre Wiltheim
Plack um Gebuertshaus (domus natalis) vun
de Bridder Wiltheim, déi als Éischt Liicht an dat réimescht Lëtzebuerg bruecht hunn (lumen adhibuere primi Luxemburgo romano)
Gebuer 8. Oktober 1604
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Oktober 1684
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister
Famill
Papp Jean de Wiltheim
Geschwëster Jean Guillaume Wiltheim, Eustache de Wiltheim

Den Alexander oder Alexandre Wiltheim, gebuer den 8. Oktober 1604 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 15. August 1684[1], war e Schrëftsteller an Historiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war dat 10. Kand vum Jean de Wiltheim an der Marguerite Brenner vu Veianen. Wéi säi Brudder Jean-Guillaume gouf och den Alexandre Jesuitt. Hien huet sechs Joer laang Rhetorik am Kolléisch dozéiert, wou e Rekter gouf, dat en dunn och sechs Joer, bis zu sengem Doud, war.

Den Alexandre Wiltheim huet op latäin, franséisch an och alt däitsch geschriwwen. Eng drësseg Wierker vun him si bekannt, dorënner en Theaterstéck (Vellio), dat seng Schüler 1638 gespillt hunn. Soss huet hie sech mat der Yolanda vu Veianen ofginn, mat theologesche Froen a mat Märtyrer. D'Wierk Viri illustres luxemburgenses ass vun him oder vu sengem Brudder Jean-Guillaume, dat konnt net erausfonnt ginn.

Säi gréisst Wierk ass Luxemburgum Romanum, dat awer eréischt 1842 vum Auguste Neyen publizéiert gouf. Verschidde vu senge Manuskripter si bis haut net verëffentlecht ginn.

Den Alexandre Wiltheim huet ausserdeem antik Mënze gesammelt.

Säi Gebuertshaus steet um Krautmaart, vis-à.vis vun der Chamber, e Gebai an deem haut Büroe vun der Chamber sinn (virdrun d'Dresdner Bank). Um Eck mat der Waassergaass hänkt eng Erënnerungsplack un hien an u säi Brudder Jean Guillaume.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht[änneren | Quelltext änneren]

Nei Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • August Neyen (Ed.): Wiltheim, Alexander: Luciliburgensia sive Luxemburgum Romanum, hoc est Arduennae veteris situs, populi, loca prisca... iam inde a Caesarum temporibus Urbis adhaec Luxemburgensis incunabula et incementum investigata atque a fabula vindicata. Kuborn, Luxemburg 1841–1842 [cf. och déi 22 Säiten Errata vum Nicolas van Werweke]
  • Charles-Marie Ternes (Ed.): Luciliburgensia Romana: sive. Luxemburgum Romanum / Alexandre Wiltheim ; éd., trad. et commentaires par Charles-Marie Ternes, 1980

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean KrierJean Krier, Edmond Thill & Raymond Weiller, Alexandre Wiltheim 1604-1684. Sa vie - Son oeuvre - Son siècle. Bilan d'une exposition au Musée d'Histoire et d'Art, Luxembourg, Lëtzebuerg 1984.
  • Jean Krier, Die letzten Lebensjahre Alexander Wiltheims und die Niederschrift der 'Luciliburgensia Romana'  ; in: Le Luxembourg en Lotharingie / Luxemburg im Lotharingischen Raum - Mélanges Paul Margue / Festschrift Paul Margue ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1993; Ss. 339-344.
  • Ch.M.T. (= Charles-Marie Ternes), Alexandre Wiltheim (1604-1684) ; in: Luxemburgensia aus Stadtbibliothek und Stadtarchiv Trier - Bibliophile Kostbarkeiten und wertvolle Archivalien aus 1000 Jahren erausgi vum Ulrich Lehnart; Stadbibliothéik Tréier, 2002; 264 Säiten; vgl. hei d'Ss. 112-115!
  • Nicolette Brout, Alexandre et son frère Jean-Guillaume Wiltheim, historiens de leur région ; in: Humanités et humanisme dans la cité des Trévires, Akte vum internationale 'Colloque' (10.-11. Oktober 2003) am Stater Kolléisch, erausgi vun der Union latine, Paräis, 2004; Ss. 101-120. ISBN 92-9122-009-4
  • Jean Krier: Alexander Wiltheim (1604-1684). Ein Luxemburger Jesuit als Wegbereiter der wissenschaftlichen Archäologie im Raum zwischen Maas und Rhein. In: Monumenta Illustrata: Raumwissen und antiquarische Gelehrsamkeit herausgegeben von Dietrich Boschung, Alfred Schäfer, Paderborn 2019, Ss. 197-228. ISBN 978-3-7705-6427-9
  • Jean Krier: Alexander Wiltheim und der römische Aquädukt von Vichten; in: De Viichter Geschichtsfrënn, 17, Luxemburg 2018, Ss. 6-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexandre Wiltheim – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean Krier, Edmond Thill & Raymond Weiller, Alexandre Wiltheim 1604-1684. Sa vie - Son oeuvre - Son siècle. Bilan d'une exposition au Musée d'Histoire et d'Art, Luxembourg, Lëtzebuerg 1984, S. 52 a 54 (N° cat. 43)