Alexandra Kurt
| Alexandra Kurt | |
|---|---|
|
D'Alexandra Kurt op der „Prix Europa“ Präisverdeelung (2023) | |
| Gebuer |
1997 Lëtzebuerg |
| Alter | 28 / 29 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg, Däitschland |
| Aktivitéit | Filmregisseurin, Dréibuchautorin, Regisseurin |
| Websäit | https://alexandra-kurt.de |
|
| |
D'Alexandra Kurt, gebuer 1997 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch-däitsch Filmregisseurin a Dréibuchauteurin. Si lieft a schafft zu Lëtzebuerg an zu München.
Ausbildung
[änneren | Quelltext änneren]D'Alexandra Kurt huet hir Première am Stater Kolléisch gemaach ier se „Cinéma et Audiovisuel“ am Lycée des arts et métiers studéiert huet an do am Summer 2018 hiert Studium ofgeschloss huet. Wärend hirem Filmstudium huet se vill als Regisseurin, Regieassistentin a Kameraassistentin geschafft. Si huet och Filmkriticke fir d'Tageblatt geschriwwen. Zanter 2019 studéiert s'op der Hochschule für Fernsehen und Film München, wou si sech op Film- a Fernseeregie spezialiséiert huet.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Alexandra Kurt huet 2013 hiert éischt Dréibuch fir de Kuerzfilm „d'Bushaischen“ geschriwwen an domat den Dréibuchconcours um Luxembourg Film Festival gewonnen. D'Dréibuch gouf duerno vum lëtzebuergesche Regisseur Sirvan Marogy verfilmt. De Gewënn vum Concours huet et hir 2014 erméiglecht, als Jurymember op de Filmfestivaller Le Reél en Vue zu Diddenuewen a Créa Jeune an der Groussregioun Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg derbäi ze sinn.
An de Joren 2024 an 2025 goufe Filmessaye vun hir an den däitschsproochege Filmzäitschrëften Revü - Fugblatt für Film an Totale – Feministisches Filmmagazin publizéiert.
Kuerzfilmer vun der Alexandra Kurt goufen op enger Rëtsch vun däitschen an internationale Filmfestivaller gewisen. Fir hir Aarbecht als Regisseurin an Dréibuchauteurin krut se den Däitsche Jugendfilmpräis an de renomméierten europäesche Mediepräis Prix Europa.
Hire Kuerzfilm August and the Rabbit Ears gouf ë. a. am Concours op de Festivaller Tallinn Black Nights Film Festival zu Tallinn an Estland an am Kader vum 44. Max Ophüls Filmfestival zu Saarbrécke gewisen. 2024 gouf d'Alexandra Kurt fir den ARD Degeto Impuls Präis nominéiert.
Hire Kuerzfilm mouchenitouche, dee vum Lëtzebuerger Filmfong subventionéiert gouf, ass um Short Shorts Film Festival & Asia zu Tokio gelaf an hat seng asiatesch Première am Kader vun dësem Academy-qualifying festival[1].
Nominéierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2022 : Blaue Blume Award fir August und die Hasenohren
- 2024 : ARD Degeto Impuls Preis fir d'Dréibuch "meine neue Chefin & Ich"
- 2025 : Sehsüchte, an der Kategorie: "Bestes Drehbuch" [Fir wat fir en Dréibuch?]
Filmpräisser
[änneren | Quelltext änneren]- 2022: Däitsche Jugendfilmpräis fir August und die Hasenohren
- 2022: Prix Europa fir Comme je suis, comme tu es
- 2026: Spotlight Publikumspräis a Gold fir Levi's
- 2026: Young Ones Award a Bronze fir Levi's
- 2026: New York Festivals Advertising Award a Bronze fir Levi's
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 2018: Aus-Sprache (Kuerzfilm)
- 2018: Zu-Hören (Kuerzfilm)
- 2019: (Ge) Fahr! (Kuerzfilm)
- 2020: Gestalten (Kuerzfilm)
- 2021: ELLE oder Ein Tag in ihrem Sommer (Kuerzfilm)
- 2021: August und die Hasenohren (Kuerzfilm)
- 2022: Comme je suis, comme tu es (Kuerzfilm)
- 2022: Können Spinnen ficken? (Kuerzfilm)
- 2023: Paradiso (Kuerzfilm)
- 2025: Wat deng Aen mir soen (Short film)
- 2025: Les lumières de Manhattan – une symphonie (Kuerzfilm)
- 2025: mouchenitouche (animéierte Kuerzfilm)
- 2026: Levi's, Adidas, Carhartt, Giorgio Armani (Spec Spots)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Alexandra Kurt – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ SSFF & Tokio, SSFF & Tokio Article about "mouchenitouche" & Alexandra Kurt. Gekuckt de 15.09.2026.
