Alexandre Moris

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dem Alexandre Moris seng Ënnerschrëft (1850)

Den Alexandre Moris, gebuer den 11. Januar 1817 zu Kientzheim am Elsass, gestuerwen den 12. August 1864 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer a Geolog.

Vun 1842 un huet de Moris an dem Athenäum an der Stad enseignéiert, virun allem Naturwëssenschaften a besonnesch Physik. Hien ass ee vun de Grënnungsmembere vun der Société des sciences naturelles (1850) an ee vun deenen zwéin éischte Conservateure vun dem Musée vun der Gesellschaft. Am Programm vun dem Athenäum fir d'Joer 1851/52 huet hien eng Dissertatioun iwwer d'Triasformatioun am Groussherzogtum Lëtzebuerg geschriwwen. Dat war déi éischt geologesch Etüd, déi vun engem Lëtzebuerger verfaasst gouf; déi Aarbechte virdru goungen op auslännesch Geologen zréck.

Vun 1855 bis 1861, wou hien aus Gesondheetsgrënn huet missen ophalen, huet de Moris zesumme mat dem Nicolas Wies un der geologescher Kaart vu Lëtzebuerg geschafft.

Vun 1845 bis 1850 war de Moris Member, eng Zäitchen och Sekretär, vun der Stater Schoulkommissioun, déi deemools "commission urbaine des écoles primaires" geheescht huet. Vun 1860 u war hie Schoulinspekter fir de Kanton Capellen.

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Triasformation im Grossherzogthum Luxemburg. In: Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahrs 1851-1852 / Königlich Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg = Programme, publié à la clôture de l'année scolaire 1851-1852 / Athénée royal g.-d. de Luxembourg. 1852. S. 1-30.
  • Catalogue des collections qui composent le cabinet d'histoire naturelle, dressé le premier octobre 1852. Bulletin de la Société des sciences naturelles du G.-D. de Luxembourg, Tome 1 (1853), S. 41-54.
  • Catalogue des fossiles recueillis dans le terrain jurassique du Grand-Duché de Luxembourg et faisant partie du musée de la Société des sciences naturelles. Bulletin de la Société des sciences naturelles du G.-D. de Luxembourg, Tome 2 (1854), S. 189-195.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, Martin: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 p. (A. Moris, S. 80).
  • Namur, Antoine: Notice biographique sur feu Alexandre Moris, de Kintzheim, département du Haut-Rhin, décédé, professeur de physique à l'Athénée R. G.-D. de Luxembourg. L'Union 1869, No 65 (20 avr.): 1-2.
  • Neyen, Auguste: Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg 1876, J. Joris, 490, XXXI, XII p., table gén. alphabét. (Alexandre Moris: S. 315-316).