Alexandre Schintgen
| Alexandre Schintgen | |
|---|---|
| Gebuer |
23. Juli 1814 Krautem |
| Gestuerwen |
31. Januar 1897 Krautem |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Affekot, Lokalpolitiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
| Famill | |
| Bestuet mat | Marie Loos |
| Papp | Pierre Schintgen |
| Mamm | Marie Reine Blouet |
|
| |
De Jean Pierre Alexandre Schintgen, gebuer den 23. Juli 1814 zu Krautem[1], an do gestuerwen den 31. Januar 1897[2], war e lëtzebuergeschen Affekot. Hie war vun 1876 bis 1886 Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser.
Seng Eltere waren de Pierre Schintgen (1789-1849), vun Näerzeng gebierteg, an d'Marie Reine Blouet (1791-1855), déi sech de 14. Mee 1809 zu Réiser bestuet[3] haten. Dem Marie Reine säi Papp, de François Blouet, war vun 1800 bis 1806 den éischte Buergermeeschter an der Gemeng Réiser, an de Pierre Schintgen war vun 1812 bis 1820 als drëtte Buergermeeschter op deem Posten.
Den Alexandre Schintgen hat de 17. September 1862 an der Stad der Marie Loos (*5. Mee 1832) vu Walfer d'Jowuert ginn[4], mat där hien zwou Duechteren hat.
A senger Amtszäit gouf d'Bierchemer Gare gebaut an den “Neie Wee” vu Réiser op Béiweng ugeluecht[5], deen et de Réiser a Krautemer Leit erméiglecht huet, och bei Iwwerschwemmungen am Réiserbann op d'Bierchemer Gare ze kommen.
Hien war Vermëttler bei engem Sträit tëschent dem Béiwenger Paschtouer Nicolas Neuens an dem Bierchemer Schoulmeeschter J. B. Linster, deen entstane war well de Paschtouer amplaz vun den 2 Stonnen Reliounsunterrecht der 6 gehalen huet an d'Kanner ze spéit heem koume fir z'iessen[6]. Do dernieft huet en d'Kanner gedoen, d'Bibel auswenneg ze léieren.
Den Alex Schintgen war 1878 Grënnungsmember vun der Associatioun fir d'Protektioun vun de Weesekanner[7].
De 27. Mäerz 1879 huet hien a senger Fonctioun als Beamten vum Zivilstand an der Réiser Gemeng de Gebuertsakt vum Eduard Steichen opgestallt[8]
Seng Läich gouf am Februar 1897 provisoresch an der “Schlasskapell” zu Krautem bäigesat, well et nach net kloer war, ob e Begriefnes an där Kapell net illegal wier[9].
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Als Erënnerung un hie gouf zu Krautem d'rue Alexandre Schintgen no him benannt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Archives Nationales du Luxembourg (ANLux)-CT03-02-1206, Etat civil de la commune de Roeser, naissances 1796-1822, N° 20/1814.
- ↑ ANLux-CT02-03-1213, Etat civil de la commune de Roeser, décès 1895-1902, N° 4/1897.
- ↑ ANLux-CT02-03-1213, Etat civil de la commune de Roeser, mariages 1796-1836.
- ↑ ANLux-CT02-03-0877, Etat civil de la commune de Luxembourg, mariages 1862-1865, N° 76/1862.
- ↑ DONDELINGER Annette et al, Réiserbänner Chronik I (739 - 1939) : 1200 Jahre Geschichte einer bemerkenswerten Tallandschaft., Bd. 1, (Roeser: Administration Communale de Roeser, 1998), S. 59.
- ↑ DONDELINGER et al, S. 60 und 63.
- ↑ „Rodange, le 10 janvier 1878. 2me LISTE des Membres fondateurs de la Société protectrice des Orphelins“, am Luxemburger Wort N° 18/31. Joergank, vum 21. Januar 1878, S. 2.
- ↑ ANLux-CT03-02-1209, Etat civil de la commune de Roeser, naissances 1859-1880, N° 15/1879.
- ↑ “Inländische Nachrichten“, am Luxemburger Handwerker N° 7/2. Joergank, vum 13. Februar 1897, S. 2-3.
