Alexei Archipowitsch Leonow

Vu Wikipedia
Alexei Archipowitsch Leonow
Gebuer 30. Mee 1934
Gestuerwen 11. Oktober 2019
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Astronaut, Moler, Schrëftsteller, Juegdpilot, Explorateur, Aviateur
Partei Eenegt Russland, Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Den Alexei Archipowitsch Leonow (ru.: Алексей Архипович Леонов, gebuer den 30. Mee 1934 zu Listwjanka bei Kemerowo, Russesch SFSR, a gestuerwen den 11. Oktober 2019 zu Moskau[1], war e sowjetesche Kosmonaut.

Hie war den 18. Mäerz 1965, deen éischte Mënsch, dee säi Raumschëff (d'Woschod 2 um Orbit ronderëm d'Äerd), verlooss huet, an, just un enger Léngt festgehalen, am Weltraum geschwieft ass (e sougenannte Baussebordasaz).

De 15. Juli 1975 ass hie mat u Bord vun der Sojus 19 gestart, déi zwéin Deeg drop un engem Apollo-Raumschëff ugekoppelt huet, wat déi éischt owjetesch-amerikanesch Kooperatioun am All war.

De Leonow hat de militäresche Rang vun engem Generalmajouer.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

(däitsch Iwwersetzungen)

  • Alexei A. Leonow, Wladimir I. Lebedew: Der Mensch im Weltall. Die Wahrnehmung von Raum und Zeit im Kosmos. Urania Verlag, Leipzig / Jena / Berlin 1969
  • Alexei Leonow: Spaziergänger im All. Erinnerungen. Deutsche Verlagsanstalt, Stuttgart 1971, ISBN 3-421-01559-7
  • Aleksej A. Leonov, David Randolph Scott, Christine Toomey: Zwei Mann im Mond. ECON Verlag, Berlin 2004, ISBN 3-430-15975-X

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aleksei Leonov – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Russischer Raumfahrt-Pionier Alexej Leonow gestorben." In: Frankfurter Allgemeine Zeitung, 11. Oktober 2019. Gekuckt den 11. Oktober 2019.