Alexis Brasseur (1860)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot an Auteur Alexis Brasseur. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Alexis Brasseur.
Alexis Brasseur
Gebuer 26. Dezember 1860
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. November 1924
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Komponist, Affekot, Schrëftsteller
Famill
Papp Dominique Brasseur
Geschwëster Robert Brasseur


De Jules-Charles-Alexis ("Lexi") Brasseur, gebuer de 26. Dezember 1860 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen och do den 3. November 1924, war e lëtzebuergeschen Industriellen, Affekot, Komponist an Auteur vun Theaterstécker.

Den Alexis Brasseur war Affekot. 1900 huet hie mam Joseph Wagener d'Stolentreprise Brasseur et Wagener matgegrënnt. Dës hat bis 1911 de Monopol fir dee vu Le Gallais, Metz et Cie produzéierte Stol ze kommerzialiséieren. Fir seng Gesellschaft ass hie fir e puer Joer op Paräis wunne gaangen. Ausserdeem war hie Matgesellschafter vun der Duchindustrie op der Schläifmillen.

1896 huet en déi éischt Lëtzebuerger Revue geschriwwen. Bis 1916 huet hien un dëser all Joer matgeschafft.

Hie war de Jong vum Dominique Brasseur (1833 - 1906) an de Brudder vum Robert (1870 - 1934). Hie war e mat der Jeanne Bian bestuet, der Sëschter vum Émile Bian, dem Direkter vun der Dummeldenger Schmelz. Säi Kandskand war de franséische Schrëfsteller a Regisseur Pierre Viallet.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Brasseur, L., & Clemen, Pol. (1900). De Nikléschen: Aus Dem "Li Hung-Tchang Zu Letzeburg", II. Akt, Aus Der Revue Vum Johr 1896.
  • Brasseur, L., & Clemen, Pol. (1904). Lidder aus de Letzeburger Flautereien 1904 an der Melusina: Séchen an 3 Akten. Luxembourg: Impr. J.-P. Nimax.
  • Brasseur, L. (1913). Lid Vun Den Drei Faulen Äppel: Aus Drop an Derwidder, Gespillt Um Théater Zu Letzeburg Vun Den Enfants De Luxembourg.
  • Brasseur, L., & Boeres, Émile auteur-compositeur. (1913). Drop an derwidder !: De 6., 8., 9. an 12. Mé 1913. Letzeburg: [Les Enfants de Luxembourg].
  • Brasseur, L. (1916). Letzebuerger Flautereien: Blocksteck an 3 Akten an an èngem Tablo; Direction: E. Dehosse; D'Schminkerei fum Auguste Donnen; Decoren fum Juleke van Dievoet; gespillt am Theater zu Letzebuerg. S.l.: [s.n.].
  • Clemen, P., & Brasseur, Lexi auteur-compositeur. (1925). Melusina: Revue 1925. Luxembourg: L'Orphéon.
  • Brasseur, L., Weber, Batty, & Letzeburger Vollekstheater. (1936). De Mononk Phlepp: E Fuosstéck an 3 Akten [programme]. Luxembourg: Impr. P. Worré-Mertens.
  • Brasseur, L., & Clemen, Pol. (n.d.). Melusina: Kome'de'steck an drei Akten. S.l.: [s.n.].
  • Brasseur, L. (2006). D'Wäschfraen fu Clausen. E Buch Am Zuch = En Train De Lire = Lesen in Einem Zug, E Buch am Zuch = En train de lire = Lesen in einem Zug Bridel: Initiative "Plaisir de lire" ; Mersch: Centre national de littérature, 2006 p. 84.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]