Alfalfa (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Alfalfa)
Alfalfa
Museksgenre Pop, Elektropop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2018
Websäit Facebook, Instagram
Memberen Bert Jung (Gesank, éischt Gittar, Keyboard)
Charel Geimer (Beater, Chouergesank, Perkussioun)

Alfalfa ass e lëtzebuergesche Pop an Elektropopduo. D'Lidder gi vum Tom Gatti produzéiert.[1][2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Alfalfa gouf 2018 vum Bert Jung a Charel Geimer an d'Liewe geruff. Déi zwéin hu sech aus Schoulzäite kannt a virdru scho jorelaang Musek zesumme gemaach, a Gruppe wéi Los Dueños a Make Some Noize.[3] Si hunn déi éischt zwou Singelen Lift Me Up an Off and On and Over It am Abrëll, respektiv September 2018 verëffentlecht. De Museksvideo vun där zweeter gouf op YouTube bal 30.000 Mol gekuckt.

D'Joer drop koum du Your Side mam Rapper Maz eraus. Am Lidd erkläere si engem Kand d'Welt, datt et sech vu Feeler net soll erofzéie loossen an datt se ëmmer wäert fir et do sinn.[2][4]

Am Mäerz 2020 hätt Alfalfa d'Virband vum Concert vum Maz an Chaild an der Escher Kulturfabrik solle sinn, deen dunn awer wéinst dem Lockdown ofgesot gouf. An der Quarantaine an duerno hu si eng Rei Lidder verëffentlecht, dorënner Red Wine a Ridiculous Evil.

Bei den nächsten zwee Lidder, So Cold a New Morning, huet d'Claire Parson den Hannergrondgesank gesongen.

No zwee Joer Paus ass Alfalfa 2022 um E-Lake an op der Fête de la musique zu Mamer a Käl opgetrueden, an huet d'Single Too Many Maybes produzéiert.[3]

Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: Lift Me Up
  • 2018: Off and On and Over It
  • 2019: Your Side (feat. Maz)
  • 2020: Red Wine
  • 2020: Ridiculous Evil
  • 2020: So Cold
  • 2020: New Morning
  • 2022: Too Many Maybes
  • 2022: Red Wine (Mark Twiin Remix)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Interview op 100,7 (24. Mäerz 2018, 18:30-19:30)
  2. 2,0 2,1 rtl.lu: Artbox - Mat Alfalfa am Studio
  3. 3,0 3,1 eldo.lu: Alfalfa sinn zeréck! (25. Februar 2022)
  4. eldo.lu: Alfalfa Feat. Maz - Your Side (23. Juli 2019)