Alfred Bohrmann

Vu Wikipedia
Alfred Bohrmann
Gebuer 28. Februar 1904
Däitschland
Gestuerwen 4. Januar 2000
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Astronom
9 entdeckt Asteroiden
(1455) Mitchella 5. Juni 1937
(1470) Carla 17. September 1938
(1531) Hartmut 17. September 1938
(1733) Silke 19. Februar 1938
(1998) Titius 24. Februar 1938
(2016) Heinemann 18. September 1938
(2226) Cunitza 26. August 1936
(2350) Von Lüde 6. Februar 1938
(2665) Schrutka 24. Februar 1938

Den Alfred Bohrmann, gebuer den 28. Februar 1904, a gestuerwen de 4. Januar 2000, war en däitschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie promovéiert am Joer 1927 um Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl vun der Universitéit vun Heidelberg[1].

Zu där Zäit war den Observatoire en Zentrum vun den Asteroidenentdeckungen an och bekannt duerch d'Astronome Max Wolf a Karl Wilhelm Reinmuth.

De Bohrmann, deen 9 Asteroiden entdeckt hat, huet um Observatoire vun 1924 bis 1969 geschafft. Den Asteroid 1635 Bohrmann ass no him, den Asteroid 1732 Heike no engem vu sengen Enkelkanner (Heike Neckel) genannt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1] Dissertatiounslëscht vum Observatoire Heidelberg-Königstuhl