Op den Inhalt sprangen

Alfred Brendel

Vu Wikipedia
Alfred Brendel
Gebuer 5. Januar 1931
Loučná nad Desnou
Gestuerwen 17. Juni 2025
London
Nationalitéit Éisträich, Tschechoslowakei
Aktivitéit Pianist, Komponist, Dichter, Essayist, Museker, Editeur, klassesche Pianist, Schrëftsteller
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste, American Academy of Arts and Sciences
Gielercher Pour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht, Pour le Mérite

Den Alfred Brendel, KBE, gebuer de 5. Januar 1931[1] zu Loučná nad Desnou, an der deemoleger Tschechoslowakei, a gestuerwen de 17. Juni 2025 zu London[2], war en éisträichesche Pianist an Auteur.

Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten Interprete vu klasseschen a romantescher Pianosmusek a krut dofir eng Hellewull Auszeechnungen. Hien huet sech haaptsächlech op Wierker vum Joseph Haydn, Wolfgang Amadeus Mozart, Ludwig van Beethoven, Franz Schubert a Franz Liszt spezialiséiert. Den Alfred Brendel war deen éischte Pianist, dee praktesch all Pianoswierker vum Beethoven agespillt huet. Am Dezember 2008 huet hie mat sengen Optrëtter opgehalen.

Hien war weiderhin Auteur vun Essayen, absënns iwwer musikalesch Sujeten, a vu Gedichter, an huet och no senger Musekskarriär Coursen a Konferenze ginn.

2016 koumen 114 CDen eraus, mat allen Opnamen, déi e bei Philips agespillt hat. Virdru war hie beim Label Vox.

  • Imogen Cooper, Andreas Dorschel, Till Fellner, Peter Gülke, Florence Noiville, Simon Rattle, et al.: Musik, Sinn und Unsinn. Festschrift anläßlich der Hommage an Alfred Brendel. Berlin: Konzerthaus Berlin, 2017.
 Commons: Alfred Brendel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Bundespräsident gratuliert Sir Alfred Brendel". bundespraesident.de, 04.01.2021.
  2. Gerald Felber: "Verletzliche Schönheit. Zum Tod von Alfred Brendel.", faz.de, 17.06.2025.