Alfred Kowalsky

Vu Wikipedia
Alfred Kowalsky
Gebuer 17. Februar 1879
Pafendall
Gestuerwen 14. Mee 1943
Metz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Den Alfred Kowalsky, gebuer de 17. Februar 1879 am Pafendall a gestuerwen de 14. Mee 1943 zu Metz, war e lëtzebuergesche Komponist. Hien huet ë. a. d'Musek fir d'Oper Griselinde geschriwwen.

Nodeem 1923 eng Entente vun Escher Veräiner, wéi d'Harmonie municipale, de Cercle symphonique, d'Alliance Française an den Uelzecht-Chouer d'École de musique d'Esch-sur-Alzette als Coopérative gegrënnt haten, huet am August 1926 d'Gemeng Esch déi Museksschoul iwwerholl a se an École municipale de Musique ëmgedeeft. Den Alfred Kowalsky, deen Uergel zu Paräis beim Charles-Marie Widor studéiert hat, a Kompositioun beim Richard Strauss zu Berlin, gouf Direkter.

An Pafendall dréit eng Strooss säin Numm.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Oper[änneren | Quelltext änneren]

Operetten[änneren | Quelltext änneren]

  • Dräi ass göttlech, Musek: Muller, J.A./Kowalsky, Text: Batty Weber
  • D'Rosy vun der Stemillen,Musek: A. Kowalsky Text: Nik. Wampach

Aner Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Mai Kand
  • Élégie
  • Capriccio
  • Nuetsgebied
  • Trio fir Piano, Gei a Violoncel

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blasen, L., 1984. Alfred Kowalsky (1879-1943), Lëtzebuerger Komponisten. Telecran, Lëtzebuerg, Jg. 6 (1984).
  • Krier, Guy, 1982. Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. In: 125 Jor Sang a Klang / Chorale "Sang a Klang" - Lëtzebuerg, S. 61-63.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alfred Kowalsky – Biller, Videoen oder Audiodateien