Alfred Lefèvre
| Alfred Lefèvre | |
|---|---|
| Gebuer |
1866 Warnant-Dreye |
| Gestuerwen | 1958 |
| Nationalitéit | Belsch |
| Aktivitéit | Entreprener |
| Famill | |
| Kanner | Julien Lefèvre |
|
| |
Den Alfred Lefèvre, gebuer 1866 zu Warnant-Dreye, a gestuerwen 1958, war e belschen Entreprener.[1]
Hien huet als einfache Bauaarbechter ugefaangen, ma konnt sech zu Esch-Uelzecht, wuer en 1889 higeplënnert ass, an dat deemools säin éischte Bau-Boom erlieft huet, séier en Numm maachen. 1910 gouf hie chargéiert, d'Iwwerdeckelung vun der Uelzecht (ënner der haiteger Uelzechtstrooss) auszeféieren, an 1912 huet hien d'Stolwierk op Arbed Esch-Schëffleng gebaut. E puer Haiserbléck an der Uelzechtstrooss hunn him gehéiert.
Och déi haiteg Brillstrooss huet hien urbaniséiert, si war ufanks no him genannt ginn.
Hien huet och d'Abtei Saint-Maurice vu Klierf an d'Franziskanerkierch (Paterekierch) zu Esch gebaut.
An der Stad Lëtzebuerg huet hien den Hotel Alfa gebaut (Architekt: Léon Bouvart).
Hie war de Papp vum Julien Lefèvre.
Zu Esch gëtt eng nei Strooss op der Rouder Lëns, déi nach am Bau ass, no him genannt. Och e Restaurant, deen an engem Haus ass, dat hien 1897 baue gelooss hat, dréit säin Numm (Maison Lefèvre).[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Denis Scuto: "Un soupçon d'Amérique", in: Lorang, Antoinette & Denis Scuto: La maison d'en face - Das Haus nebenan. Esch-sur-Alzette, Éditions Le Phare, 1995, S. 63-66.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn, Scuto 1995 an der Literatur.
- ↑ lamaisonlefevre.lu.
