Alice Chomé-Bastian
| Alice Chomé-Bastian | |
|---|---|
|
D'Haus fir Betreit Wunnen, dat no der Alice Chomé-Bastian genannt gouf | |
| Gebuer |
29. Mäerz 1894 Eech |
| Gestuerwen | 14. August 1981 |
| Alter | 87 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Famill | |
| Bestuet mat | Félix Chomé |
| Papp | Emile Bastian |
|
| |

D'Alice Bastian, bestuet Chomé-Bastian, gebuer den 29. Mäerz 1894 zu Eech, a gestuerwen de 14. August 1981, war eng lëtzebuergesch Mezeenin.[1]
Si war d'Duechter vum Holzhändler Nicolas Emile Bastian a senger Fra Louise Hippert. Si huet sech mam belschen Ingenieur Félix Chomé bestuet, dem spéideren Direkter vun der Arbed a President vun der Chambre de commerce.
Hiert eenzegt Kand ass fréi gestuerwen; d'Koppel huet eng Studiebourse ageriicht fir Studenten ze ënnerstëtzen. Nom Doud vun hirem Mann, 1972, huet d'Alice Chomé-Bastian d'Fondation Félix Chomé gegrënnt, déi et eelere Leit aus klenge Verhältnesser erméigleche soll, e wierdege Logement ze fannen.
Fir u si z'erënneren, gouf zu Eech e Gebai fir betreit Wunnen an de Chemin Alice Chomé-Bastian no hir genannt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Chemin Alice Chomé-Bastian op rues-au-feminin.lu (nogekuckt: 25.01.2026).
